
Um Samschdeg ass d’Jenny Warling bei de Budapest Open am Karate ugetrueden. No véier Victoirë stoung d’Lëtzebuergerin an der Kategorie ënner 55 Kilogramm an der Finall. Um Enn ass d’Sëlwermedail rausgesprongen, nodeems se ganz knapp géint d’Slowenin Barbara Haberl verluer huet.
Déi nächst Competitioun vum Jenny Warling ass de 25. September de Lions Cup zu Stroossen.
1. Match: WARLING Jenny (LUX) - PROTSENKO Anna (UKR): 1:0
2. Match: WARLING Jenny - GODART Lea (FRA): 4:1
3. Match: WARLING Jenny - HASANI Alesandra (CRO, Vize-Europameeschterin 2018): 3:0
4. Match: WARLING Jenny - MUIZINIECE MARIJA Luize (LAT): 3:1
5. Match (Finall): WARLING Jenny - HABERL Barbara (SLO): 2:3
