Mä wéi gesäit et aus, wa Fraen um Terrain stinn? Nach bis de 7. Juli spillen d’Dammen-Nationalekippen a Frankräich ëm de WM-Titel an ëm Unerkennung. Och zu Lëtzebuerg gi Fraen, déi Futtball spillen, dacks mat Viruerteeler konfrontéiert. D’Kapitänin vun der Nationalekipp erzielt eis vun hiren Erfarungen als Fra am Futtball.
D’Jessica Berscheid huet mat 8 Joer ugefaangen, Futtball ze spillen, deemools nach zesumme mat Jongen. Ekippe fir jonk Meedercher ënner 15 sinn nämlech eréischt 2012 agefouert ginn. Haut ass d’Jessica Kapitänin vun der Lëtzebuerger Nationalekipp a spillt an der Defense. Mat hiren 21 Joer war si schonn a méi wéi 15 Spiller fir d’Nationalekipp am Asaz.
Sport huet schonn ëmmer eng grouss Roll am Jessica Berscheid sengem Liewe gespillt. Taekwondo, Reiden, Lafen, dat alles huet hatt schonn ausprobéiert, erzielt hatt eis. Mä hatt hätt sech ëmmer erëm fir de Futtball decidéiert. D’Léift fir de Sport krut d’Jessica quasi an d’Wéi geluecht. Säi Papp war e grousse Spiller an Trainer, Fan vu Bayern, an huet Weekends ëmmer Matcher op der Tëlee gekuckt – wann en dann net selwer um Terrain stoung. Vu Klengem un ass d’Jessica op d’Trainingen a Matcher matgaangen, bis et iergendwa selwer spille wollt. Elo kéint hatt sech ee Liewen ouni Fussball net méi virstellen. Aktuell spillt hatt fir den FC Bitburg a wunnt och an Däitschland, just hannert der Grenz bei Veianen.
Wat de Fraefuttball zu Lëtzebuerg ugeet, fënnt d’Jessica, dass sech sou lues eppes deet. Et wier flott, dass et ëmmer méi “jeunes filles”-Ekippe géife ginn an dass iwwert déi aktuell Fraefuttball-WM geschwat gëtt. Am Verglach zu de Männer, wier awer nach ëmmer vill Loft no uewen. De Problem wier, dass d’Dammen-Ekippen am Futtball dacks ganz einfach vergiess ginn. Et géing net genuch iwwert si geschwat ginn, a wann, dann éischter negativ. Hatt selwer war och scho méi wéi eng Kéier mat ofwäertende Kommentare konfrontéiert.
De Samy Smaïli, Nationaltrainer vun der Dammen-Ekipp, kann d’Kritik um Fraefuttball net novollzéien. Hien trainéiert zanter zwee Joer d’Ekipp ronderëm d’Jessica Berscheid a gesäit éischter d’Stäerkte vun de Fraen. D’Exercicer am Training géinge sech net vill vun de Männer-Trainingen ënnerscheeden. Just d’Intensitéit ass méi kleng, well den athletesche Niveau een anere wier, wéi bei den Hären.
D’Fraen-Nationalekipp besteet zanter 2003 a beleet aktuell d’Plaz 113 vun 155 op der FIFA Weltranglëscht. De Samy Smaïli gesäit op alle Fall positiv Entwécklungen am Dammefuttball zu Lëtzebuerg a kuckt optimistesch an d’Zukunft. Virun allem well et ëmmer méi jonk Meedercher ginn, déi ufänken, Futtball ze spillen a vun Ufank u richteg forméiert ginn, wat virun 10 Joer nach net de Fall war.
Och den Nicolas Schockmel, President vun der Kommissioun fir d’Promotioun vum Fraefuttball, leet seng Hoffnung an d’Zukunft. Et wiere vill jonk Talenter dobäi, déi ee just nach fërdere misst. Vill méi Lizenzen, méi Ekippen, an eng Evolutioun, déi net ophält – dat ass seng Analys vun der aktueller Situatioun. An duerch d’Ënnerstëtzung vun der FLF soll se sech nach verbesseren. D’Federatioun stellt zum Beispill e Budget zur Verfügung, fir dass méi international Matcher kënne gespillt ginn. Et gëtt och vill an d’Formatioun gestach, fir méi weiblech Traineren ze hunn. Weiblech Arbitteren ze kréien, wier fir vill kleng Staaten ee Problem, sou och am Grand-Duché. Ma och an deem Punkt géing ee sech beméien.
D’Aufgab vun der Kommissioun ass et, de Fraefuttball ze verbesseren, sief et um Niveau vun de Statuten, oder awer och wat d’Championnater an d’Opstellung vun den Ekippe betrëfft. Aktuell ginn et bei de Frae ronn 3.600 Lizenzen, an 38 Ekippe bei den Dammen. Bei den Häre sinn et 104 Ekippen.