Äishockey-WMD'Länner aus der 3. Divisioun treffen zu Lëtzebuerg openeen

RTL Lëtzebuerg
Vun e Sonndeg un ass d'Äishockey-Weltmeeschterschaft vun der 3. Divisioun bei eis am Land op der Kockelscheier.
© LDMCEVOY Pictures an Team Luxembourg Ice Hockey (Archiv)

Wärend enger Woch probéiere 5 Ekippen, den Tournoi ze gewannen an domadder an déi zweet Divisioun opzesteigen. Eng vun deenen ass déi Lëtzebuerger Nationalekipp.

Virschau Äishockey/Reportage Rich Simon

Scho virun zwee Joer sollt d’Äishockey-Weltmeeschterschaft vun der 3. Divisioun bei eis am Land organiséiert ginn. Wéinst Corona huet déi WM awer mussen ofgesot ginn. E Sonndeg gëtt awer elo nees gespillt. De President vun der Lëtzebuerger Äishockey Federatioun, Alain Schneider ass frou, datt d’WM elo ënner relativ normale Konditioune kann organiséiert ginn.

Mir sinn elo zimmlech sécher, datt gespillt gëtt. Et sinn awer nach ëmmer Imprevuen, datt Ekippen ofsoen, well se net däerfe reesen. Nordkorea huet zum Beispill ofgesot. Ob dat elo duerch Covid oder déi politesch Situatioun ass, sief dohinner gestallt. Et sollten 3 Matcher den Dag sinn, dat ass elo net méi de Fall. Elo sinn der een oder zwee den Dag. Den Hotel muss ëmgeännert ginn. Dat ass alles mat ganz vill Opwand verbonnen.

Zanter 2 Wochen ass d’Lëtzebuerger Ekipp elo zesummen am Stage. Nieft dem normalen Training goufen och Preparatiounsmatcher gespillt. Elo muss de Kader, deen elo zesumme war, nach méi kleng gemaach ginn.

De Kader geet elo vu 25 op 20 Spiller zeréck. Jiddwereen huet gewisen, datt e gären an der Ekipp wëll sinn. Dat gëtt also nach eng ganz schwéier Decisioun fir d’Traineren. Déi 3 Preparatiounsmatcher, déi gespillt goufen, ware ganz positiv. Et ass eng Ekipp, déi aus ganz ville Jonke besteet, mat erfuerene Spiller dobäi.

Lëtzebuerg kritt et op der Weltmeeschterschaft mat der Tierkei, Taiwan, den Arabeschen Emiraten an Turkmenistan ze dinn. Dat si Géigner, déi een zum Deel schonns aus der Vergaangenheet kennt.

D’Tierkei, géint déi mir schonns méi dacks gespillt hunn, hunn eng ganz staark Ekipp. Si si Mat-Favorit, fir den Tournoi ze gewannen. D’Arabesch Emirater hunn an hirem Roster vill Nimm, déi net vun dohanne kléngen. Si hunn e puer Expats rapatriéiert, déi och d’Nationalitéit hunn. Dat ass elo och eng vill méi staark Ekipp wéi mir se kennen. Géint Taiwan hu mir och schonns gespillt. Déi hunn eng jonk Ekipp, déi een net esou erfuerenen Äishockey spillen, dofir awer ganz séier an disciplinéiert. Turkmenistan kenne mir net.

Den Alain Schneider sot nach, datt d’Zil vun der Lëtzebuerger Äishockeynationalekipp ganz kloer ass. An dat ass, fir den Tournoi ze gewannen.

Back to Top
CIM LOGO