Futtball-Nationaltrainer Dan SantosD'Nations League ass ganz wichteg fir de Lëtzebuerger Dammefuttball

RTL Lëtzebuerg
Am Lëtzebuerger Dammefuttball huet sech déi leschte Jore vill gedoen.
© RTL-Archivbild

Rout Léiwinne bei der Nations League / Reportage Rich Simon

An der WM-Qualifikatioun dat leschte Joer ass um Enn eng 4. Plaz ënner 6 Ekippen erausgesprongen, mat ëmmerhin 10 Punkten. Elo gëtt den nächste Schratt gemaach, an dat ass d’Nations League.

Dëst Joer spillen d’Lëtzebuergerinnen am Grupp C géint Litauen, Georgien an d’Tierkei. Et kann een dovunner ausgoen, datt géint déi zwou éischt genannten Natioune gutt Resultater an deemno och Punkten dra sinn. Den Nationaltrainer vun den Dammen, Dan Santos, ass iwwerzeegt, datt d’Nations League den Dammefuttball bei eis am Land no vir bréngt.

Am Interview huet hie gesot, datt et Mëttelfristeg d’Zil ass, fir aus dem Grupp C an de Grupp B eropzeklammen.

Den éischte Match an der Nations League spillen d’Lëtzebuergerinnen Enn September a Litauen. Duerno kommen zwee Heemmatcher géint Georgien an d’Tierkei. De Spillplang am Detail fannt Dir hei.

Den Dammefuttball-Nationaltrainer Dan Santos am Interview

Back to Top
CIM LOGO