
Den Noppert, deen op der 9. Plaz an der Weltranglëscht steet, huet sech mat 2:4 géint den Alan Soutar misse geschloe ginn. Dobäi war den Hollänner eigentlech richteg gutt an de Match komm a louch mat 2:0 an de Sätz vir, éier de Soutar 4 Sätz um Stéck gewanne konnt. No senger Victoire géint den Daryl Gurney war dëst eng weider iwwerraschend Victoire fir de Schott.
Mam Gary Anderson ass dann och e weideren zweefache Weltmeeschter e Mëttwoch eliminéiert ginn. Den Anderson huet iwwerraschend kloer mat 1:4 géint de Chris Dobey verluer.