
14 Ekippen hunn et an d’Playoffs gepackt, 7 aus der AFC a 7 aus der NFC a bis zum leschte Spilldag blouf et ëm déi lescht Playoff-Plazen nawell spannend.
An der AFC goung et e Sonndeg nach ëm déi leschte vakant Plaz an de Playoffs. Hei haten nach d’Miami Dolphins, d’New England Patriots an d’Pittsburgh Steelers eng Chance. Duerch eng Victoire géint d’Jets an eng Néierlag vun de Patriots konnten d’Dolphins sech fir d’Playoffs qualifizéieren.
An der Wildcard Round kënnt et also elo zu dëse Matcher:
Buffalo Bills (2) - Miami Dolphins (7)
Cincinnati Bengals (3) - Baltimore Ravens (6)
Jacksonville Jaguars (4) - Los Angeles Chargers (5)
Als bescht Ekipp aus der Regular Season an der AFC sinn d’Kansas City Chiefs schonns fir d’Divisional Round qualifizéiert.
Och an der NFC blouf et an der Course ëm déi lescht Playoff-Plaz ganz spannend. Dëse Spot konnte sech d’Seattle Seahawks um Enn sécheren, nodeems si no Verlängerung knapps géint d’Los Angeles Rams gewonnen hunn an d’Lions gläichzäiteg d’Packers geklappt hunn.
An der Wildcard Round kënnt et also elo zu dëse Matcher:
San Francisco 49ers (2) - Seattle Seahawks (7)
Minnesota Vikings (3) - New York Giants (6)
Tampa Bay Buccaneers (4) - Dallas Cowboys (5)
Als bescht Ekipp aus der Regular Season an der NFC sinn d’Philadelphia Eagles schonns fir d’Divisional Round qualifizéiert.
Kansas City Chiefs - Las Vegas Raiders 31:13
Tennessee Titans - Jacksonville Jaguars 16:20
Tampa Bay Buccaneers - Atlanta Falcons 17:30
New England Patriots - Buffalo Bills 23:35
Minnesota Vikings - Chicago Bears 29:13
Baltimore Ravens - Cincinnati Bengals 16:27
Houston Texans - Indianapolis Colts 32:31
New York Jets - Miami Dolphins 6:11
Carolina Panthers - New Orleans Saints 10:7
Cleveland Browns - Pittsburgh Steelers 14:28
Los Angeles Chargers - Denver Broncos 28:31
New York Giants - Philadelphia Eagles 16:22
Arizona Cardinals - San Francisco 49ers 13:38
Los Angeles Rams - Seattle Seahawks 16:19
Dallas Cowboys - Washington Commanders 6:26
Detroit Lions - Green Bay Packers 20:16