Zu Tokio sinn e Sonndeg mat enger feierlecher Ofschlosszeremonie d’Olympesch Spiller op een Enn gaangen. Bei der Feier ass traditionell den Olympesche Fändel un d’Organisateure vun den nächsten Olympesche Spiller iwwerreecht ginn. D’Athleeten an d’Athletinnen hu sech am Olympiastadion versammelt an de President vum Internationalen Olympesche Comité (IOC) Thomas Bach huet d’Schlusswuert geschwat.
Duerch d’Corona-Pandemie haten d’Sportler an d’Sportlerinnen dës Kéier schonn 48 Stonnen no hirer Competitioun missen d’Duerf verloossen, dofir ware bei der Ofschlosszeremonie net vill Sportler vertrueden.
De Bob Bertemes huet de Lëtzebuerger Fändel an de Stadion gedroen. Scho virun de Spiller war decidéiert ginn, datt de Bommstousser dëst géing maachen. De Concernéierte selwer war awer der Meenung, datt de Charel Grethen op Grond vu senge Leeschtungen déi Éier verdéngt hätt. E Sonndeg de Moien huet de Chef de Mission zu Tokio, Heinz Thews, dat Thema wärend eng Videokonferenz ugeschwat.
Mir hunn zwee Athleten hei déi et verdéngt hätten, de Fändel ze droen. Et ass awer esou, datt dem Charel Grethen seng Halleffinall een Dag no der Deadline war, fir dem IOC ze soen, wien de Fändel wäert droen. Et war also keng Méiglechkeet do, fir dat nach ze änneren. Ech hu mat deenen zwee geschwat an ech mengen och, datt de Bob Bertemes elo ee bessert Gefill huet, fir mam Fändel eranzegoen. Ech mengen awer, datt de Charel Grethen seng Chance an Zukunft och nach wäert kréien, fir dës Éier ze hunn.
Aus Lëtzebuerger Siicht huet d’Leeschtung vum Charel Grethen erausgestach. De Lëtzebuerger hat sech fir d’Finall iwwer 1500 Meter qualifizéiert a war do den 12. ginn. Donieft hat den CSL-Athlet de Lëtzebuerger Rekord ëm bal 4 Sekonnen op 3:32.86 Honnertstel verbessert. Bei der Analyse vun der Resultater, huet de Chef de Mission zu Tokio, Heinz Thews, déi excellent Leeschtung vum Charel Grethen ervir gehuewen.
E Sonndeg de Moie sinn dann och déi lescht Decisiounen zu Tokio gefall. Déi lescht Goldmedail gouf am Waasserball verdeelt. Hei huet sech Serbien mat 13:10 géint Griichenland duerchgesat.
No 339 Competitioune stinn d’USA un der Spëtzt vum Medailespigel. Fir si gouf et 39 Mol Gold, 41 Mol Sëlwer an 33 Mol Bronze. Op der 2. Plaz steet China mat 38 Goldmedailen, 32 waren der aus Sëlwer an 18 aus Bronze. Japan ass Drëtte gi mat 27 Mol Gold, 14 Mol Sëlwer a 17 Mol Bronze.
D’nächst Joer si schonn nees Olympesch Spiller - allerdéngs ginn dann d’Olympesch Wanterspiller organiséiert, an dat zu Peking. Déi nächst Olympesch Summerspiller sinn 2024 zu Paräis.
