Biathlon-WMDorothea Wierer wënnt d'Poursuite zu Antholz

RTL Lëtzebuerg
D'Italienerin setzt sech virum Denis Hermann aus Däitschland an dem Marthe Olsbu Röiseland aus Norwegen duerch.

Op der Biathlon-WM zu Antholz an Italien stoung e Sonndeg d’Poursuite bei den Dammen um Programm. D’Goldmedail ass dobäi un d’Italienerin Dorothea Wierer gaangen, dat mat engem Virsprong vun 9 Sekonnen op d’Denis Hermann aus Däitschland an d’Zil komm ass.

D’Decisioun ass réischt am leschte Schéisse gefall. D’Wierer huet hei eemol donieft geschoss, ma well d’Röiseland gläich 2 Feeler geschoss huet an d’Hermann een, war der Italienerin de Weltmeeschtertitel net méi ze huelen.

D’Röiseland an d’Hermann hunn op de leschte Kilometer taktéiert, um Enn hat d’Biathletin aus Däitschland dat bessert Enn fir sech, d’Röiseland konnt hirer Attack näischt méi entgéint setzen.

Back to Top
CIM LOGO