Op ChristihimmelfaartDortmund e Leipzig sti sech an der DFB-Pokal-Finall géintiwwer

RTL Lëtzebuerg
10 Mol stounge sech béid Ekippen an der Bundesliga géigeniwwer, mä nach ni am DFB-Pokal.
Spectateuren dierfe bei der Coupefinall awer net an den Olympiastadion zu Berlin.
Spectateuren dierfe bei der Coupefinall awer net an den Olympiastadion zu Berlin.

Eréischt leschte Weekend hu béid Ekippen am Championnat géintenee gespillt an hei huet sech de BVB besser aus der Affär gezunn, obwuel Leipzig an der Tabell virun hinne steet.

Mat e bësse Chance kann Dortmund an der Finall nees op säi Stiermer Erling Haaland zeréckgräifen, deen déi lescht zwou Woche wéinst enger Blessur gefeelt huet. Op alle Fall ass den Norweger mat op Berlin gereest an ass och nees am Training. Fir de BVB ass dëst déi 10 Finall an hirer Veräinsgeschicht, 4 Mol, dorënner déi leschte Kéier 2017, konnte si d’Coupe um Schluss och mat heem huelen.

Leipzig dogéint huet d’Finall bis elo just eng Kéier gespillt, 2019 hat ee géint d’Bayern verluer. Bei RB stinn aktuell awer keng Fragezeichen hannert de Spiller, hiren nach Trainer Julian Nagelsmann kann op de ganze Kader zeréckgräifen.

Fir den Nagelsmann, wéi och fir den Terzic op der Bänk zu Dortmund, ass et déi leschte Chance, en Titel mat hiren aktuelle Veräiner ze gewannen. Den Nagelsmann geet jo no der Saison bekanntlech op München, wou hien den Hansi Flick wäert ersetzen an den Edin Terzic kritt zu Dortmund de Marco Rose als neie Cheftrainer virun d’Nues gesat.

Back to Top
CIM LOGO