
An der däitscher Bundesliga stounge sech e Freideg den Owend Borussia Dortmund an den 1. FC Köln géigeniwwer. An Dortmund ass direkt ideal an de Match gestart. An der 1. Minutt huet de Guerreiro eng gutt Pass vum Sancho genotzt an de Ball an d’Netz bruecht. No enger knapper hallwer Stonn huet de Reus op 2:0 erhéicht. Den Hummels huet dem séieren Offensivmann de Ball perfekt an d’Déift gespillt, esou datt de Reus nach just de Golkipp misst bezwéngen.
Kuerz nom Säitewiessel war dann nees de Reus un engem Gol bedeelegt. Hien hat gutt fir de Sancho ofgeluecht, deen aus kuerzer Distanz markéiere konnt. Ma Köln huet sech net opginn. An der 64. Minutt huet den Uth aus engem spatze Wénkel vu lénks ofgezunn an de Ball an de laangen Eck eragemaach. An der 65. Minutt huet de Favre dunn den Haaland op den Terrain bruecht, deen dann nees direkt 2 Mol zougeschloen huet. An der 78 erhéicht hien op 4:1 an der 87. esouguer op 5:1. Dat war och den Endstand.
LINK: Den Iwwerbléck vun der BundesligaAm italienesche Championnat hat Brescia Calcio den AC Mailand op Besuch. Hei huet et laang no engem dréchenen 0:0 ausgesinn, dat well grad Brescia näischt aus hire ville Chancë konnt maachen. Et war dunn awer Mailand, déi an der 71. Minutt markéiert hunn, dat de Rebic no enger Virlag vum Castillejo. Dëst sollt dann och den eenzege Gol an där Partie bleiwen.