
E Freideg den Owend gouf an der däitscher Bundesliga, der franséischer Ligue 1, der spuenescher La Liga an der italieenescher Serie A gespillt.
VFL Bochum - Borussia Dortmund
1 : 0 Losilla (5'), 1:1 Adeyemi (7')
Dortmund, déi nom leschte Spilldag ee Punkt viru Bayern München op der éischter Tabelleplaz stoungen, waren zu Bochum op Besuch. Ma d’Haushäre sollten de BVB direkt kal erwëschen. De Losilla konnt nämlech direkt an der 5. Minutt den 1 : 0 markéieren. Nëmmen 2 Minutten drop konnt den Adeyemi allerdéngs no enger Virlag vum Haller zum 1 : 1 ausgläichen.
Ma obwuel Dortmund méi vum Match hat, huet de BVB et net gepackt, nach e Gol ze markéieren. Esou, dass d’Partie mat engem 1 : 1 op en Enn gaangen ass.
Dortmund léisst am Kampf em de Championstitel also 2 Punkte leien.
Racing Straßbourg - Olympique Lyon
1 : 0 Sandon (15'), 1 : 1 Lukeba (32), 1 : 2 Caqueret (36')
An der ieweschter franséicher Liga hat de Racing vu Stroossbuerg Olympique Lyon op Besuch. Fréi am Match hat et duerno ausgesinn, dass d’Gäscht géifen a Féierung goen. Ma dem Barcola säi Gol gouf no der Iwwerpréiwung vum VAR wéint enger Abseitspositioun oferkannt. Dofir waren et dann d’Haushären, déi an der 15. Minutt duerch e Gol vum Sanson a Féierung gaange sinn.
Lyon konnt an der 32. Minutt duerch de Lukeba ausgläichen an huet de Match nëmme 4 Minutten drop duerch e Gol vum Caqueret gedréit.
D’Giel-Rout Kaart fir de Lukeba an der éischter Minutt vun der Nospillzäit koum da Wuel ze spéit, fir nach en Afloss op de Match ze hunn, sou dass dësen dann och mat 1 : 2 op en Enn gaangen ass.
CA Osasuna - Real Sociedad
0 : 1 Herrera (‘6) (Selbstgol), 0 : 2 Kubo (90')
US Lecce - Udinese Calcio
1 : 0 Strefezza (62')
Spezia Calcio - SSD Modena
0 : 1 Ciurria (21'), 0 : 2 Carlos Augusto (90' + 3)