
Dortmund - Bremen 2:2
0:1 Rashica (7'), 1:1 Götze (9'), 2:1 Reus (41'), 2:2 Friedl (55')
Dortmund war no dem Gläichspill leschte Weekend géint Frankfurt dorop aus, an der Partie géint Bremen ze wannen. BVB krut no 8 Minutten déi kal Dusch, wéi de Rashica fir d’Werderaner den 1:0 markéiere konnt. De Götze huet just 1 Minutt drop mat dem 1:1 geäntwert an d’Partie war nei lancéiert. Vun deem Ament u waren et d’Borussen, déi den Toun uginn an de Ball flott an den eegene Reien zirkuléiere gelooss hunn. 5 Minutte virun der Paus huet der Reus mat Käpper d’Beméiunge belount.
10 Minutte nom Téi krut Dortmund, wéi schonn an der 1. Hallschecht, fréi ee Gol geschoss - ee Käpper vum Friedl huet fir den 2:2-Ausgläich gesuergt. De BVB stoung nees ënner Drock an huet mat där eng oder anerer geféierlecher Aktioun no vir versicht op den 3:2 ze spillen. Op en Neits ass et zum Schluss awer just fir ee Remis fir d’Borussen duergaangen.
Leipzig - Schalke 1:3
0:1 Sané (30'), Harit (43'), 0:3 Matondo (58'), 1:3 Forsberg (83')
Zwou Ekippen, déi exzellent a Form sinn, sinn zu Leipzig openee getraff. RB wollt doheem weider punkten, ma och Schalke hat eppes Wëlles. Esou sinn d’Knappen no enger hallwer Stonn duerch de Sané an den Avantage komm an dat war och verdéngt. S04 hat an den éischte 45 Spillminutte ee Krack méi vum Match wéi de Géigner a krut och kuerz virun der Paus, no laangem Hin an Hier, een Eelefter zougesprach. Dësen huet den Harit verwandelt - 2:0 no 45 Minutten.
Kinneksblo huet och weider an der 2. Hallschecht den Toun uginn a konnt d’Féierung op 3:0 ausbauen. Déi Kéier hat de Matondo fir S04 getraff an d’Partie domat quasi virentscheet. Dem Forsberg säi Gol ronn 7 Minutte viru Schluss huet näischt méi un der Defaite vu Leipzig virum eegene Public geännert.

Hoffenheim - Gladbach 0:3
0:1 Pléa (43'), 0:2 Thuram (65'), 0:3 Neuhaus (83')
D’Lokalekipp hat géint Gladbach eigentlech méi vum Match, ass awer kuerz virun der Paus mat 0:1 a Réckstand geroden. Och wann d’Gäscht mat deem engem Gol Virsprong fir d’Paus an d’Katakombe gaangen ass, war an der 2. Hallschecht nach alles op.
20 Minutten no der Paus huet den Thuram de Match dunn awer virentscheet. De Fransous huet ee flotto Solo mat engem secke Schoss ofgeschloss an esou d’Féierung fir d’Fohlen ausgebaut. Endgülteg den Deckel op d’Partie huet den Neuhaus an der 83. Spillminutt geluecht.
Paderborn - Bayern 2:3
0:1 Gnabry (16'), 0:2 Coutinho (55'), 1:2 Pröger (68'), 1:3 Lewandowski (79'), 2:3 Collins (84')
Bayern München ass zu Paderborn als klore Favorit an d’Partie gaangen. De Laurent Jans huet do vun der Bänk aus no knapp enger Véierelstonn schonn den 1. Gol vum Rekordchampion mat erlieft - de Gnabry hat de Score opgemaach. Paderbon ass nom Géigegol awer net agebrach an huet sech daper géint d’Gäscht aus Bayern gewiert. Och wann den FCB eng Rëtsch weider Golgeleeënheeten haten, war de Pauseresultat 1:0 fir München.
De Buteur vum 1:0, de Serge Gnabry, huet an der 2. Hallschecht du fir de Coutinho opgeluecht. Dësen huet just nach missen an den eidele Gol verwandelen an domat säin 2. Saisonsgol markéieren. D’Heemekipp huet awer du geäntwert an duerch de Pröger knapp 20 Minutte viru Schluss op 1:2 kënne verkierzen. Duerno gouf et nach eng Kéier geckeg am Match. D’éischt huet de Lewandowski op 3:1 fir den FCB erhéicht, ma 5 Minutten drop konnten déi Paderborner awer nees markéieren. An de leschte Minutten huet d’Ekipp vum Laurent Jans nach eng Kéier alles no vir geheit, et blouf awer beim 3:2 fir Bayern.
Mainz - Wolfsburg 0:1
0:1 Tisserand (9')
Ouni de Leandro Bareiro krut Mainz an den éischten 10 Minutte géint Wolfsburg déi kal Dusch, wéi den Tisserand op Korner den 1:0 gekäppt huet. Am weidere Verlaf vum Match war de VfL déi méi aktiv Ekipp an huet Mainz ëmmer nees fréi beim Spillopbau gestéiert. Esou goung et mat engem verdéngten 1:0 fir d’Gäscht fir den Téi an d’Kabinnen. No der Paus blouf de Lëtzebuerger Bareiro weiderhin nëmmen op der Bänk. An och um Score sollt sech näischt méi änneren.
Augsburg - Leverkusen 0:3
0:1 Niederlechner (35'), 0:2 Volland (76'), 0:3 Havertz (84')
Leverkusen ass als Favorit op Augsburg gereest. D’Werkself koum 10 Minutte virum Téi duerch ee Selbstgol vum Niederlechner an den Avantage a mat deem Resultat goung et dann och an d’Paus. Och an der 2. Hallschecht blouf Leverkusen déi dominant Ekipp. D’Ekipp vum Trainer Bosz huet zwou weider Kéieren géint d’Augsburger getraff an domat um Enn verdéngt 3:0 gewonnen.