BundesligaDortmund setzt sech géint Union Berlin duerch

RTL Lëtzebuerg
Iwwerdeems dréint Leipzig d'Partie géint Bochum a Mainz a Borussia Mönchengladbach deele sech d'Punkten.
© AFP

An den anere Lige konnt Liverpool ënner anerem a leschter Minutt géint Nottingham Forest gewannen an domat d’Tabelleféierung verdeedegen.

Borussia Dortmund konnt sech auswäerts mat 2:0 géint Union Berlin duerchsetzen. Nodeems Union besser an de Match komm war huet de BVB dunn d’Spillkontroll iwwerholl, dat awer dacks mat feelender Prezisioun am leschten Drëttel. Kuerz virun der Paus huet den Adeyemi déi Schwaarz-Giel du mat engem schéinen Ofschloss a Féierung bruecht. Am zweeten Duerchgang hunn d’Gäscht sech du méi zréckgezunn an den Unioner deelweis de Ball iwwerlooss, déi sech kaum geféierlech Aktiounen erausspille konnten. Kuerz viru Schluss huet de Maatsen no enger héijer Recuperatioun dunn den zweete Gol markéiert an d’Partie decidéiert, woumat de BVB seng 4. Plaz verdeedege kann.

Bochum huet sech trotz Féierung misse mat 1:4 géint RBLeipzig geschloe ginn. RB huet e wéineg Zäit gebraucht, fir sech vum fréie Gol vum Wittek ze erhuelen. No enger hallwer Stonn wat et den Olmo, dee mat engem Distanzschoss fir d’Visiteuren ausgeglach huet. No der Paus huet sech de Spectateure laang eng ausgeglache Partie gebueden, ma an der 68. Minutt huet den Openda ee Konter ausgenotzt an d’Partie esou gedréint. Just e puer Minutten drop hunn ee Selbstgol vum Ordets an ee Gol vum Poulsen d’Partie entscheet, soudass Leipzig den Uschloss un d’Top 4 net verléiert.

Mainz a Borussia Mönchengladbach deele sech mat engem 1:1 d’Punkten. D’Mainzer hu vun hirer staarker Ufanksphas profitéiert a sinn no 12 Minutte verdéngt duerch de Burkardt a Féierung gaangen. D’Lokalekipp huet am éischten Duerchgang weider dominéiert, konnt seng d’Féierung allerdéngs net ausbauen. No der Halbzeit kruten d’Spectateuren dunn ee ganz anere Match ze gesinn, an deem Mönchengladbach op den 1:1 gedréckt huet. Dee sollt dunn och an der 55. Minutt duerch den N’Goumou falen. D’Gäscht hunn net labbergelooss an op d’Féierung gedréckt, kloer Occasioune sinn awer kaum dobäi erausgesprongen.

Um Owend konnt Stuttgart sech dunn nach mat 3:2 zu Wolfsburg behaapten. De VfB huet d’Kontroll vun Ufank un iwwerholl an ass no enger Véierelsstonn verdéngt duerch dem Guirassy säi präzise Kappball a Féierung gaangen. An der Suite haten d’Stuttgarter de Ball, dat awer ouni offensiv Akzenter ze setzen. Wolfsburg ass du méi aktiv aus de Kabinne komm a konnt no engem schéine Spillzuch duerch de Maehle ausgläichen. Ma deen 1:1 sollt net laang halen, well de Maehle am anere Strofraum direkt duerno en Eelefmeter verursaacht huet, deen de Guirassy verwandele konnt. D’Gäscht waren elo déi däitlech besser Ekipp an hu Wolfsburg kaum méi mam Ball an hir Hallschent komme gelooss. De Vagnoman huet dunn an der 78. Minutt fir d’Decisioun gesuergt, och wann et nom Nmecha sengem Gol nach eemol spannend ginn ass. De VfB bleift domat op Plaz 3 mat 6 Punkten Avance op Dortmund wärend Wolfsburg elo 9 Matcher um Stéck keng Victoire feiere konnt.

No enger verréckter Ufanksphas gouf Darmstadt doheem vun Augsburg mat 0:6 deklasséiert, wärend Heidenheim knapp mat 1:2 géint Frankfurt verluer huet.

D’Statistike vun de Matcher

Klickt hei, fir op d’Säit mat all de Resultater ze kommen.

D’Klickt op de Match, fir d’Statistiken ze gesinn.

D’Tabell vun der Bundesliga

Back to Top
CIM LOGO