Internationale FuttballLiverpool klappt Nottingham a leschter Minutt a bleift Tabelleleader

RTL Lëtzebuerg
Donieft gewënnt Sevilla géint Real Sociedad a Lille ka sech zu Reims duerchsetzen.
© AFP

An der Bundesliga huet Dortmund sech bei Union Berlin behaapt wärend Leipzig dräi Punkten aus Bochum mathuele konnt.

Premier League

Nottingham Forest - FC Liverpool 0:1
0:1 Nunez (90+9')

Mat villen Ausfäll huet Liverpool sech zu Nottingham laang schwéier gedoen. An engem relativ ausgeglachene Match hu béid Ekippe gutt Chancen ongenotzt gelooss, ma am zweeten Duerchgang sinn d’Reds zu ëmmer méi Occasioune komm. Trotzdeem huet alles no engem Remis ausgesinn, bis den agewiesselten Nunez an der leschter AKtioun vum Match mam Kapp awer nach den 1:0 schéisse konnt. Liverpool sammelt domat wichteg Punkten a bleift ee weidere Spilldag Tabelleleader.

Tottenham Hostpur - Crystal Palace 3:1
0:1 Eze (59'), 1:1 Werner (77'), 2:1 Romero (80'), 3:1 Son (88')

Nodeems béid Formatiounen an der éischter Hallschent kaum zu Geleeënheete komm sinn, konnt den Eze seng Faarwen no enger knapper Stonn mat engem schéine Fräistouss a Féierung schéissen. Du sinn och d’Spurs méi geféierlech ginn a hu sech schliisslech a Persoun vum Werner belount. Just e puer Minutten drop huet de Romero de Match komplett gedréint, ier de Son kuerz viru Schluss dann den Deckel dropgemaach huet. Tottenham behält domat den Uschloss un d’Champions-League-Plazen iwwerdeems Crystal Palace op Plaz 14 bleift.

FC Brentford - FC Chelsea 2:2
0:1 Jackson (35'), 1:1 Roerslev (50'), 2:1 Wissa (69'), 2:2 Disasi (83')

LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League

Serie A

Udinese Calcio - US Salernitana 1:1
0:1 Tchaouna (10'), 1:1 Kamara (45+3)

AC Monza - AS Roma 1:4
0:1 Pellegrini (39'), 0:2 Lukaku (42'), 0:3 Dybala (63'), 0:4 Paredes (82', Eelefmeter), 1:4 Carboni (87')

Fir d’AS Roma leeft et ënnert dem neien Trainer De Rossi weider exzellent. Géint Monza hu béid Ekippen um Ufank op Aenhéicht agéiert, ma zwee Goler bannent dräi Minutte kuerz virun der Paus hunn d’Réimer a Féierung bruecht. Och no der Paus huet Monza keng Mëttele géint d’Gäscht fonnt, déi sech effektiv gewisen hunn an den Avantage weider ausbaue konnten. D’AS Roma, déi mam De Rossi an 9 Matcher just géint den Tabelleleader Inter verluer huet, klëmmt domat zumindest bis e Sonnde op déi 5. Plaz.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A

Ligue 1

Stade Reims - OSC Lille 0:1
0:1 David (56')

D’Lokalekipp huet besser an de Match fonnt, ma et war eng Partie ouni vill Occasiounen, déi d’Zuschauer zu Reims ze gesi kruten. E puer Minutten no der Halbzeit huet den David du vun engem fatale Feeler vum Abdelhamid profitéiert an den 1:0 fir seng Faarwe markéiert. An der Suite huet Reims d’Kontroll iwwert d’Partie ergraff, ma offensiv ass ee gréisstendeels duerch Flanke geféierlech ginn. Um Enn sollt et net méi fir ee Punkt duergoen, woumat Lille um Spëtzegrupp dru bleift a Reims op Plaz 8 den Uschloss verléiert.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1

La Liga

FC Sevilla - Real Sociedad 3:2
1:0 En-Nesyri (11'), 2:0 En-Nesyri (13'), 2:1 Silva (45+5', Eelefmeter), 3:1 Ramos (65'), 3:2 Mendez (90+2')

Virum Duell an der Champions League géint de PSG hunn d’Gäscht eng Partie Stammspiller geschount, wat sech direkt gewisen huet. Den En-Nesyri huet seng Faarwe mat zwee fréie Goler a Féierung bruecht an d’Basken domadder geschockt. Kuerz virun der Paus huet de Silva vum Punkt aus verkierzt, ma de Ramos konnt no 65 Minutte per Kappball nees op 3:1 stellen. Dem Mendez säi Gol an der Nospillzäit koum ze spéit, soudass Sevilla déi dräi Punkten doheem hale konnt.

FC Getafe - UD Las Palmas 3:3
1:0 Mata (11'), 2:0 Greenwood (14'), 2:1 Ramirez (35'), 3:1 Maksimovic (45'), 3:2 Cardona (50'), 3:3 El Haddadi (59')

LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga

Back to Top
CIM LOGO