Internationale FuttballDortmund spillt nëmme gläich, Liverpool klappt Chelsea

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg war op internationalem Plang d'Suite an den europäesche Futtball-Championnater.
De Favoritten-Schreck West Ham huet nees zougeschloen.
De Favoritten-Schreck West Ham huet nees zougeschloen.
© afp

Bundesliga

Eintracht Frankfurt - Borussia Dortmund 2:2
0:1 Witsel (11'), 1:1 Silva (43'), 1:2 Sancho (66'), 2:2 Delaney (88')

Dortmund hat an der Woch géint Barcelona mat Pech just gläichgespillt - et huet een dierfe gespaant sinn, wéi sech d’Borussen e Sonndeg auswäerts zu Frankfurt presentéiere géifen. De BVB huet impressionant ugefaangen an ass no 11 Minutten duerch de Wistel mat 1:0 a Féierung gaangen. D’Äntwert koum kuerz virun der Paus duerch de Silva.

Am 2. Duerchgang huet Dortmund gedréckt a konnt dunn och duerch de Sancho op en Neits a Féierung goen. D’Gléck war awer och net e Sonndeg den Owend op der Säit vum BVB, well den Delaney 2 Minutte virun Schluss de Ball am eegene Filet ënnerbruecht huet.

Borussia Mönchengladbach - Fortuna Düsseldorf 2:1
0:1 Nuhu (6'), 1:1 Thuram (74'), 2:1 Thuram (89')

No der batterer 0:4-Defaite vu Gladbach an der Woch an der Europa League hu sech d’Fohlen e Sonndeg misse géint Düsseldorf zeréckkafen. Ma et waren awer nach keng 10 Minutte gespillt, wéi den Nuhu de Score fir d’Gäscht opmaache konnt. Mat dem 0:1-Réckstand fir d’Heemekipp goung et an d’Paus.

Duerno huet Düsseldorf weider gutt matgehalen, krut awer ronn eng Véierelstonn viru Schluss duerch den Thuram den 1:1-Ausgläich kasséiert. Am weidere Verlaf ass et de Borussen dunn och nach gelongen, de Match ze dréinen. Zwar gouf dem Thuram säin 2. Gol vum VAR gepréift, um Enn awer fir ‘legal’ befonnt.

© afp

LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga

Premier League

West Ham - ManUnited 2:0
1:0 Yaromlenko (44'), 2:0 Cresswell (84')

D’Red Devils vu Manchester waren zu London bei West Ham op Besuch. D’Lokalekipp konnt duerch den Ex-Dortmunder Yarmolenko kuerz virum Téi a Féierung goen. United wollt no der Paus mat neiem Elan zeréck an d’Partie kommen, konnt awer am weidere Verlaf vun der Partie net markéieren. Et war nämlech d’Lokalekipp, déi kuerz virum Enn nach een drop setze konnt. Domat hunn d’Hammers dach iwwerraschend géint de Favorit aus Manchester 2:0 gewonnen.

De Favoritten-Schreck West Ham huet nees zougeschloen.
De Favoritten-Schreck West Ham huet nees zougeschloen.
© afp

Arsenal - Aston Villa 3:2
0:1 McGinn (20'), 1:1 Pepe (59'), 1:2 Wesley (60'), 2:2 Chambers (81'), 3:2 Aubameyang (84')

Arsenal huet sech selwer kuerz virun der Paus geschwächt, dat wéi de Maitland-Niles mat Giel-Rout vum Terrain geflunn ass. Virdrun hat well de McGinn fir Aston Villa getraff an d’Gunners doheem a Réckstand bruecht. Nom Téi huet déi nei Recrue vu Lille, de Pepe, ausgeglach. D’Freed vun Arsenal war awer net vu laanger Dauer, well nëmmen eng Minutt méi spéit de Wesley Villa nees virbruecht huet.

D’Gunners hunn an der leschter hallwer Stonn opgedréint a konnt d’Partie duerch den Chambers an Aubameyang in extremis zu hire Gonschten entscheet.

© afp

Chelsea - Liverpool 1:2
0:1 Alexander-Arnold (14'), 0:2 Firmino (30'), 1:2 Kanté (71')

Op der Stamford Bridge war de Jürgen Klopp mat Liverpool géint Chelsea gefuerdert. D’Reds si gutt an de Match komm a konnten de Score duerch den Alexander-Arnold opmaachen. Duerno huet Chelsea och getraff, krut awer de Gol net unerkannt. Quasi am Géigenzuch huet Liverpool op en Neits dat ronnt Lieder am Filet versenkt an op 2:0 geschrauft.

Chelsea koum zeréck an de Match, dat duerch ee Gol vum franséische Weltmeeschter Kanté - domat war d’Partie relancéiert. An de leschte Minutte vun der Partie konnten d’Blues de Matcher awer net méi dréinen.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League

LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga

Back to Top
CIM LOGO