Lëtzebuerger FuttballnationalekippD'Produktioun vun den neien Tricoten an Italien

RTL Lëtzebuerg
Am Rouden, am Wäissen oder am Bloen. D'Lëtzebuerger Futtballnationalekipp krut nei Tricoten.
Am Rouden, am Wäissen oder am Bloen
Déi nei Tricote fir d’Lëtzebuerger Futtballnationalekipp ginn an Italien hiergestallt.

All zwee Joer fir déi international Campagne mussen nei Tricoten hier. Dat gëtt esou vun der UEFA virgeschriwwen. Ma de Prozess vun der éischter Iddi bis zum fäerdege Produit dauert nawell eng Zäitchen.

Eng Ekipp vun RTL konnt an Italien hannert d’Kulisse kucken goen, wou déi nei Tricote gemaach ginn. Et ass nämlech net nëmmen eng maschinell Aarbecht.

Back to Top
CIM LOGO