BiathlonDräifach-Victoire fir Norwegen zu Annecy

RTL Lëtzebuerg
De Podium an der Verfolgung bei den Häre war fest an der Hand vun Norwegen. Bei den Damme koumen déi éischt Dräi aus Schweden, Italien a Frankräich.
© AFP

Wéinst de Wiederkonditioune gouf d’Streck beim Weltcup vun den Hären zu Annecy a Frankräich gekierzt an d’Leefer sinn och méi spéit un den Depart gaangen. Um Enn gewënnt den Norweeger Sturla Holm Laegreid seng éischt Course vun der Saison. Zweeten an der Verfolgung gëtt de Vetle Sjastad Christiansen (+ 24,6 Sekonnen). De Leader am Gesamtweltcup Johannes Thinges Bö koum um Samschdeg just op déi drëtt Plaz (+ 35,8 Sekonnen). De Meeschter vun der leschter Saison Quentin Fillon Maillet gouf ouni Schéissfeeler, awer mat engem Retard vun iwwer enger Minutt, just Siwenten.

D’Verfolgung iwwer 10 km bei den Damme gouf vum Elvira Öberg aus Schweden gewonnen. Dat mat enger klorer Avance op d’Lisa Vittozzi aus Italien (+ 20,4 Sekonnen) an d’Franséisin Julia Simon (+ 46,9 Sekonnen). Et war laang en Zweekampf tëscht der Lokalmatadorin Simon an der Schweedin Öberg, mee nom véierte Schéissen huet d’Franséisin zwou Strofronnen missen dréinen, sou dass si um Enn just Drëtt gouf.

Back to Top
CIM LOGO