Paul Zahlen am InterviewD'Rams sinn de Favorit op de Super Bowl

RTL Lëtzebuerg
Et ass dat gréissten Eenzelsportevent op der Welt, de Super Bowl, eng Mëschung aus Sport an ebe vill Show.
© AFP

An der Nuecht vun e Sonndeg op e Méindeg ass et nees esou wäit, well genee do spillen dëst d’Joer d’Rams géint Bengals.

Super Bowl LVI/Reportage Jeff Kettenmeyer

Net nëmmen an den USA, mä och hei am Land wäerten d’Football-Fans nees virun der Tëlee sëtzen an de Super Bowl kucken. Des Kéier spillt d’Los Angeles Rams géint Cincinnati Bengals.

Fir d’Rams gëtt et souzesoen een Heemmatch, well de Super Bowl an hirem Stadion gespillt gëtt. Ee grousse Virdeel dierft dëst awer trotzdeem net sinn, sou den RTL-Football-Expert Paul Zahlen.

Datt d’LA Rams an der Finall vun der NFL stinn, ass keng riseg Iwwerraschung a si mussen definitiv mat der Favoritteroll ëmgoen. Cincinnati Bengals sinn dogéint de kloren Aussesäiter a bis elo déi positiv Iwwerraschung vun de Playoffs

Den Joe Burrow steet virun dësem Super Bowl immens an de Medien, esou wéi dat reegelméisseg virun der Finall bei engem Quarterback de Fall ass.

Op Säiten vun de Rams ass éischter méi en erfuerene Mann um Posten, sou de Paul Zahlen. Dat ass nämlech de Matthew Stafford, deen eréischt zanter dësem Joer bei de Rams ass.

Ee Bijou ass och de Stadion vun den LA Rams. Zanter 2020 ginn hei zu Inglewood d’Matcher gespillt.

De ganze Stadionkomplex ass iwweregens duebel sou grouss wéi de Vatikan.

A grouss ass natierlech och ëmmer d’Show an der Paus vum Super Bowl. Dëst Joer sinn et direkt 5 Superstaren: de Snoop Dogg, den Dr Dre, den Eminem, de Kendrick Lamar an d’Mary J Blidge.

Back to Top
CIM LOGO