Am Alter vun 72 JoerD'Rosi Mittermaier ass gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
Déi däitsch Schisportlerin Rosi Mittermaier ass no schwéierer Krankheet verscheet. Bei den Olympesche Spiller 1976 hat si zwou Goldmedaile gewonnen.
© AFP

Déi däitsch Schilegend Rosi Mittermaier ass am Alter vun 72 Joer gestuerwen. Wéi hir Famill matdeelt, wier si no schwéierer Krankheet am Krees vun der Famill friddlech entschlof. Dee gréisste Succès an hirer Karriär hat si bei den Olympesche Spiller 1976 zu Innsbruck, wou si zwou Gold- an eng Sëlwermedaile gewonnen huet.

D’Rosi Mittermaier ass de 5. August 1950 zu München op d’Welt komm an op der Winklmoosalm opgewuess. Hir Elteren hunn do eng Schischoul an ee Restaurant bedriwwen. An der Saison 1966/1967 ass d’Rosi Mittermaier fir d’éischte Kéier bei internationale Coursen un den Depart gaangen. Zéng Joer méi spéit waren d’Olympesch Spiller dunn esouwuel den Héich- wéi och de Schlusspunkt vun hirer Karriär. Vun deem Moment u gouf si vun hire Fans och nach “Gold-Rosi” genannt.

No hirer Sportlerkarriär huet si sech berufflech op verschiddene Gebidder ausprobéiert. Zesumme mat hirem Mann Christian Neureuther, deen och Schisportler war, huet si beispillsweis ee Geschäft fir Sportartikele bedriwwen. Doriwwer eraus huet si ënnert anerem och Reklamm fir verschidde Sportartikele gemaach, Bicher geschriwwen a war esouguer kuerz Zäit als Sängerin aktiv. Nieft hirem Mann hannerléisst si hir zwee gemeinsam Kanner Ameli a Felix Neureuther. De Felix Neureuther war spéider selwer als professionelle Schisportler aktiv.

Back to Top
CIM LOGO