VirschauD'Rout Léiwe spillen en Testmatch géint Éisträich

Tim Hensgen
Franky Hippert
D'Lëtzebuerger Futtballnationalekipp huet 2 wichteg Matcher an der Nations League viru sech.
© Val Wagner (Archiv)

D’Formatioun vum Luc Holtz wëll seng éischte Plaz am Grupp 1 vun der 3. Liga an der Nations League verdeedegen. Dofir läit de Fokus éischter op den Dueller auswäerts géint Zypern an heiheem géint den Aserbaidschan. Den Testmatch géint Éisträich kënnt do éischter ongeleeën. Trotzdeem ass et fir d’Nationalekipp ëmmer gutt, op deem Niveau weider Experienzen ze sammelen.

De Luc Holtz
Den Trainer vun de Roude Léiwen iwwer déi nächst Matcher.

“Positiv ass, datt all eis Covid-Tester negativ sinn”, esou de Luc Holtz op der Pressekonferenz virum Frëndschaftslännermatch géint Éisträich. Et misst ee mëttlerweil méi Angscht virum Resultat vun deenen Tester hunn, wéi datt Spiller blesséiert sinn, esou den Holtz. Den FLF-Coach geet och dovun aus, datt Éisträich net mat deene beschten 11 wäert spillen. Bei de Roude Léiwen ginn et Spiller, déi spillen 90 Minutten, anerer just 60, eng Hallschent oder 20-30 Minutten.

Dat sinn d’Donnéeën, mat deenen de Luc Holtz jongléiere wäert. D’Zil ass, datt d’FLF-Formatioun e Samschdeg op Zypern an en Dënschdeg-8-Deeg heiheem géint den Aserbaidschan all Kéier bei 100% ass.

Den Dirk Carlson, Profi beim Karlsruher SC an der 2. Bundesliga, sot, datt een als Ekipp vill un Erfarung an de leschten 2 Joer gewonnen huet, eng Erfarung, déi een elo wëll notzen, fir des Kéier de Grupp 1 an der Divisioun C an der Nations League ze gewannen.

Bis elo gouf et an der Geschicht vum Lëtzebuerger Futtball 9 Dueller géint d’A-Ekipp aus dem Alpeland. Dobäi gouf et de 4. Abrëll 1971 zu Esch eng 1:0-Victoire an 8 Defaiten. Déi lescht de 27. Mäerz 2018 mat 0:4 am Stade Josy Barthel.

Éisträich ass d’Nummer 25 an der Fifa-Weltranglëscht an aktuell punktgläich mat Norwegen Tabelleleader vum Grupp 1 vun der 2. Divisioun an der Nations League. A 4 Matcher goufen et 3 Victoiren (Nordirland, Rumänien a Norwegen) an eng Defaite (Rumänien). Déi bekanntste Spiller am Kader sinn den David Alaba vu Bayern München, de Konrad Laimer (aktuell awer blesséiert) an de Marcel Sabitzer vum RB Leipzig an de Stiermer Marko Arnautovic (awer net nominéiert), deen aktuell a China spillt. Trainer ass de Franco Foda.

Den Trainer Franco Foda vun der éisträichesche Nationalekipp
De 54 Joer alen Däitschen huet 1 Joer zu Kaiserslautern a 15 Joer zu Graz geschafft, ier hien 2017 déi éisträichesch Nationalekipp iwwerholl huet.

De 54 Joer alen Däitschen huet 1 Joer zu Kaiserslautern a 15 Joer zu Graz geschafft, ier hien 2017 déi éisträichesch Nationalekipp iwwerholl huet. Vun den 33 Spiller am Kader, verdéngen der 17 hir Suen an Däitschland. Am leschten Nations-League-Match géint Rumänien gouf et dann och eng Première. De Franco Foda huet de Match mat 11 Spiller aus der Bundesliga ugefaangen. Géint Lëtzebuerg wäert dat e Mëttwoch awer ganz anescht ausgesinn. De Foda wëll en vue vun den Nations-League-Matcher géint d’Rout Léiwe rotéieren.

De Match tëscht Lëtzebuerg an Éisträich gëtt e Mëttwoch op der Tëlee, um Radio an op RTL.lu am Stream iwwerdroen.

FLF virun Éisträich / Reportage Franky Hippert

FLF géint Éisträich (2) / Reportage Franky Hippert

Back to Top
CIM LOGO