Nations LeagueD'Rout Léiwen hunn zwee ganz wichteg Matcher viru sech

Franky Hippert
"Ech wëll gär, datt meng Spiller, selbstbewosst, mat Courage an Iwwerzeegung optrieden, dat Wuert "Angscht" hunn ech net gär, sou de Luc Holtz.
© Val Wagner

Rout Léiwen an der Nations League/Reportage Franky Hippert

E Samschdeg den Owend um 18 Auer Lëtzebuerger Zäit spillt Lëtzebuerg an der Futtball-Nations-League op Zypern säin zweetleschte Match an dëser Campagne. D’FLF-Formatioun steet an der Divisioun C Grupp 1 op der éischter Plaz, punktgläich mat Montenegro.

De Luc Holtz erwaart sech e ganz motivéierten an aggressiven Géigner, well Zypern déi Lescht an hirem Grupp sinn. Wa si déi lescht Plaz wëllen ofginn, da musse si gewannen, et ass hir lescht Chance. Dat wëll awer net heeschen, datt d’Rout Léiwe sech elo verstoppen, esou de Lëtzebuerger Nationaltrainer. Mä et gëtt bestëmmt e ganz intensiv gefouerte Match an den Holtz hofft da mam besseren Enn fir Lëtzebuerg. Wat d’Favoritteroll ugeet, huet den Trainer bis elo ëmmer gesot, datt all déi Matcher op Aenhéicht gespillt ginn, an dat war bis elo de Fall. Op Zypern stinn d’Chancë 50-50. Am Allersmatch hat d’FLF-Formatioun eng gutt éischt Hallschent gespillt, déi zweet Hallschent war net esou gutt, do hat ee Chance, datt si kee Gol geschoss hunn, esou de Lëtzebuerger Coach. Et sinn nach e puer Spiller ugeschloen an et muss ee kucken, verletzungsfräi doduerch ze kommen.

Huet de Luc Holtz da keng Angscht, datt iergendwou Punkten hänke gelooss ginn? Den FLF-Nationaltrainer huet dat Wuert guer net gär. Hien hätt gär, datt seng Spiller selbstbewosst mat Courage a mat Iwwerzeegung spillen. Dat hätt hien och gär e Samschdeg an en Dënschdeg.

D’Grupp wäert bis zum Schluss musse gespillt ginn, wien 1, respektiv Leschte gëtt. „Mir probéieren, all Match 3 Punkten ze huelen, an déi Mentalitéit hale mer bäi an eréischt en Dënschdeg Owes um 22.45 Auer kucke mer wéi et am Grupp ausgaangen ass“, esou de Luc Holtz

„Ob mir Favorit sinn oder net ass schwéier ze soen“, seet de Kapitän Laurent Jans. Wann een awer d’Tabell kuckt a gesäit, datt mer éischte sinn, da sinn mer natierlech Favorit, mä et weess een och wéi schwéier et ass, auswäerts ze spillen. Mir hunn heiheem zwar och gewonnen, mir wëllen och déi 3 Punkten mat heem huelen. Mä natierlech gëtt et en anere Match wei doheem, och wa mer 2:0 gewonnen hunn. Bis elo hu mer nach guer net iwwer Drock oder esou geschwat. Mir preparéieren eis wéi ëmmer. Am leschte Match a Montenegro hätte mer bestëmmt méi Drock kënnen hunn, dat hate mer awer och do net, esou de Kapitän vun der Lëtzebuerger Futtballnationalekipp.

An RTL ass natierlech nees live fir Iech um Ball an dat souwuel um Radio, op RTL Zwee op der Tëlee an och um Internet, dat vun 18 Auer un.

FLF op Zypern / Reportage Franky Hippert

Back to Top
CIM LOGO