Als Preparatioun fir d'Nations LeagueD'Rout Léiwinne spille Frëndschaftsmatcher géint Ungarn an Zypern

RTL Lëtzebuerg
D'Lëtzebuerger Futtballfederatioun huet e Méindeg d'Datumer vun zwee Frëndschaftsmatcher vun der Dammennationalekipp matgedeelt.
© Val Wagner (Archiv)

De 24. Oktober spillt d’Ekipp vum Trainer Dan Santos auswäerts zu Budapest géint Ungarn. Donieft kréien et d’Rout Léiwinnen Enn November respektiv Ufank Dezember zweemol mat Zypern ze dinn.

D’FLF-Damme si viru ronn véier Méint an d’Liga B vun der Nations League opgestigen.

D’Partien déngen als Preparatioun op déi nei Nations-League-Campagne, déi am Mäerz d’nächst Joer ufänkt.

D’Datumer vun de Matcher:

24. Oktober 18:00 Ungarn – Lëtzebuerg
28. November Zypern – Lëtzebuerg
1. Dezember - Zypern Lëtzebuerg

Back to Top
CIM LOGO