
E Méindeg den Owend stoungen an de Gruppen C, F an I déi lescht Matcher vun der WM-Qualifikatioun um Programm.

Italien an d’Schwäiz hunn de Méindegowend déi 1. Plaz an der Tabell ënnert sech ausgemaach. D’Schwäiz geet als Gruppenéischten aus deem Duell eraus, dat nodeems den Europameeschter Italien nëmmen 0:0 géint Nordiland gespillt huet.
Nordirland - Italien 0:0
Schwäiz - Bulgarien 4:0
1:0 Okafor ('48), 2:0 Vargas (57'), 3:0 Itten (72'), 4:0 Freuler (90'+1)

Am Grupp F stoung scho virum leschte Spilldag fest, datt Dänemark d’nächst Joer bei der WM mat dobäi ass. Schottland muss als 2. an de Playoff.
Israel - Färöer Inselen 3:2
1:0 Dabbour (30'), 2:0 Weissman (58'), 2:1 Vatnhamar (62'), 2:2 Olsen (72'), 3:2 Peretz (75')
Schottland - Dänemark 2:0
1:0 Souttar (35'), 2:0 Adams (86')
Éisträich - Moldawien 4:1
1:0 Arnautovic (4'), 2:0 Trimmel (22'), 3:0 Arnautovic (55'), 3:1 Nicolaescu (60'), 4:1 Ljubicic (83')

England huet sech mat engem zolitten Resultat vun 10:0 géint San Marino déi éischt Plaz an der Tabell geséchert. Véier vun den 10 Goler huet den Harry Kane geschoss. Polen muss als Zweetklasséierten de Wee iwwert de Playoff goen.
San Marino - England 0:10
0:1 Maguire (6'), 0:2 Fabbri (15'), 0:3 Kane (27'), 0:4 Kane (32'), 0:5 Kane (39'), 0:6 Kane (42'), 0:7 Smith (58'), 0:8 Mings (69'), 0:9 Abraham (78'), 0:10 Saka (79')
Albanien - Andorra 1:0
1:0 Cekici (74')
Polen - Ungarn 1:2
0:1 Schäfer (37'), 1:1 Swiderski (62'), 1:2 Gazdag (80')