D’Juegd no Medailen ass lancéiert. E Méindeg den Owend hunn déi 20. Spiller vun de klenge Länner offiziell ugefaangen. Kuerz virun 23 Auer goufen d’Spiller fir op erkläert, an no engem kuerze Fakellaf am nationale Futtballstadion gouf d’Flam vun de Spiller an Andorra ugefaangen. Mat engem Freedefeier ass déi kleng awer ganz flott Erëffnungsfeier op en Enn gaangen.
Direkt am Ufank vun der Erëffnungszeremonie sinn d’Delegatiounen an den nationale Futtballstadion erakomm. Als Drëtt war et um Team Lëtzebuerg, ugefouert vun den houfrege Fändeldréier Alex Kirsch a Magaly Meynadier.

De Prënz Felix an de Sportminister Georges Mischo hunn d’Lëtzebuerger Delegatioun am Stadion begréisst. Si wäerten déi nächst Deeg d’Sportler an d’Sportlerinnen aus dem Grand-Duché an Andorra ënnerstëtzen.
Mat Trommelen, Feier, Akrobatik an Danz sinn d’Spiller zu Andorra feierlech agelaut ginn.

Och den IOC-President Thomas Bach war bei der Zeremonie dobäi. Fir hien sinn et déi lescht Spiller a senger Funktioun. Hien huet de Sportler mat op de Wee ginn, d’Spiller am wonnerschéinen Andorra ze genéissen.

En Dënschdeg geet et lass mat de Competitiounen.