
Op d’Plazen 2 an 3 koumen d’Franziska Preuß aus Däitschland an d’Gewënnerin vum Gesamtweltcup Marte Olsbu Röiseland aus Norwegen.
Am Massestart-Weltcup ass d’Schwedin Elvira Öberg duerch hir 5. Plaz nach ganz knapp hannert d’Justine Braisaz-Bouchet zréckgefall. Um Enn hat d’Franséisin just 2 Punkten Avance op d’Öberg.
An der leschter Course vun der Saison bei de Männer huet de Norweger Sivert Guttorm Bakken de Massestart gewonnen. Um Enn huet hie sech knapp virum aneren Norweger Sturla Holm Laegreid duerchgesat. Komplettéiert gouf de Podium vum Fransous Émilien Jaquelin. Duerch seng Victoire huet sech de Bakken och de Massestart-Weltcup geséchert.