Wéinst GrippD'Vera Bertemes-Hoffmann verpasst d'Indoor-EM

RTL Lëtzebuerg
D'Lëtzebuergerin huet d'Gripp a kann net un den Depart iwwer 1500 Meter goen. Fir si ass d'Indoor-Saison domadder och eriwwer.
© RTL

Vun e Freideg bis e Sonndeg ass am hollänneschen Apeldoorn d’Indoor-EM an der Liichtathletik. Duerch de Forfait vum Vera Bertemes-Hoffmann (1500 Meter) ass elo nëmmen nach eng Lëtzebuergerin um Depart an dat ass d’Patrizia van der Weken.

Si start e Sonndeg iwwer 60 Meter. Um 12 Auer ginn d’Serië gelaf. Um 16.05 Auer sinn d’Halleffinallen an um 18.37 Auer ass d’Finall.

D’Halleffinallen an d’Finall iwwer 60 Meter kënnt Dir live op RTL ZWEE an op RTL.lu kucken.

Back to Top
CIM LOGO