BiathlonDzinara Alimbekava feiert éischt Victoire am Weltcup

RTL Lëtzebuerg
E Freideg stoung zu Hochfilzen de Sprint iwwer 7,5 Kilometer bei den Dammen um Programm an do gouf et eng iwwerraschend Victoire.
© AFP

Dzinara Alimbekava aus Belarus war nämlech am séiersten. Si ass feelerfräi bliwwen an huet och am Lafen e gudden Androck hannerlooss. D’Tiril Eckhof aus Norwegen koum op déi zweete Plaz mat engem Retard vun 8,5 Sekonnen, dat bei engem Feeler um Schéissstand. De Podium gouf komplettéiert vum Franziska Preuß aus Däitschland.

Back to Top
CIM LOGO