D’Anetta Mosr huet fir Lëtzebuerg déi drëtt Goldmedail gewonnen. An der Kategorie bis 63 Kilogramm konnt si sech am decisive Match ëm Gold mat enger klenger Punktwäertung géint d’Monegassin Rania Drid duerchsetzen. Nach virun zwee Joer gouf et fir d’Lëtzebuerger Judoka géint déi selwecht Géignerin an der Finall d’Sëlwermedail. Elo ass der Anetta Mosr d’Revanche gelongen.
En Donneschdeg gëtt et dann an der Ekippe-Competitioun vum Judo eng weider Chance op eng Lëtzebuergesch Goldmedail.
