BGL LigueÉischt Néierlag dës Saison fir Hesper, Diddeleng dréint Match géint Stroossen

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg war d'Suite vum 19. Spilldag an der BGL Ligue, wou et ënnert anerem eng Néierlag fir de Leader Hesper gouf.

No 18 Matcher ouni Néierlag am Championnat war et dann e Sonndeg déi éischt Néierlag fir de Swift Hesper. D’Ekipp vum Holleschbierg verléiert nämlech mat 1:2 zu Péiteng. Schonns no nëmmen 10 Minutte louch d’Lokalekipp mat 2:0 am Avantage. Den Artur Abreu konnt Péiteng an der 3. Minutt per Eelefmeter a Féierung bréngen, ier de Kempes Tekiela an der 10. Minutt op 2:0 erhéije konnt. De Ken Corral konnt fir Hesper no enger hallwer Stonn zwar verkierzen, ma méi war net méi dran.

Péiteng wënnt iwwerraschend géint Hesper
Fir de Swift ass et déi éischt Néierlag dës Saison.

Den F91 Diddeleng konnt dann och vun dëser Néierlag vun Hesper richteg profitéieren, well den amtéierende Champion huet zu Stroossen mat 2:1 gewonnen. Dobäi huet et am Ufank guer net gutt ausgesinn, well de fréieren Diddeleng, den Nicolas Perez, d’Lokalekipp an der 18. Minutt schonns a Féierung bruecht huet. Allerdéngs huet deen nämmlechten zéng Minutte méi spéit schonns mat Giel-Rout dierfen dusche goen. An der 40. Minutt konnt de Magno fir den F91 ausgläichen. Ma och d’Gäscht sollten de Match net zu 11 fäerdeg spillen, well an der 56. Minutt krut de Sidibé glat Rout gewisen. An der 87. Minutt ass den Diddelenger dunn och nach de Lucky Punch gelongen, no engem Gewulls am Strofraum konnt den Agovic fir d'2:1-Schlussresultat suergen.

Donieft gouf et um Sonndeg eng wichteg Victoire am Kampf géint den Ofstig vu Rouspert, iwwerdeems d’Etzella eng weider Néierlag astieche muss.

Progrès Nidderkuer - FC Wolz 3:0
1:0 Filet (3'), 2:0 Mazure (17'), 3:0 Mazure (42')

US Hueschtert - Victoria Rouspert 1:3
0:1 Feltes (10'), 1:1 Gashi (15'), 1:2 Ferreira (38'), 1:3 Bouché (75')

Racing - UN Käerjeng 1:1
1:0 Laurienté (4'), 1:1 Fernandes (6')

Una Stroossen - F91 Diddeleng 1:2
1:0 Perez (18'), 1:1 Magno (40'), 1:2 Agovic (87')

Union Titus Péiteng - Swift Hesper 2:1
1:0 Abreu (3') per Eelefmeter, 2:0 Tekiela (10'), 2:1 Corral (30')

Etzella Ettelbréck - US Munneref 0:3
0:1 Schmit (24'), 0:2 Fernandes (71'), 0:3 Bourigeaud (87')

D’Resultater am Iwwerbléck (Replay an Ticker)

D’Tabell

Back to Top
CIM LOGO