Internationale FuttballÉischten Titel fir Liverpool, Dortmund verléiert géint Hoffenheim

RTL Lëtzebuerg
D'Reds gewannen de League Cup no Verlängerung géint Chelsea. A Frankräich spillt de PSG no engem Last-Minute-Gol nach 1:1 géint Rennes. Inter klappt Lecce.
© AFP

Op internationalem Terrain stinn e Sonndeg nees eng sëlleg Matcher um Programm. Nieft de Championnat-Matcher gëtt an England um 16 Auer d’Finall tëscht Chelsea a Liverpool am League Cup gespillt. Och e puer Lëtzebuerger Futtballer sinn e Sonndeg nees am Asaz. Ënnert anerem hunn de Gerson Rodrigue an de Sebastian Thill Goler fir hier Faarwe markéiert.

Bundesliga

Eintracht Frankfurt - VFL Wolfsburg 2:2
0:1 Lacroix (2'), 1:1 Max (14'), 1:2 Behrens (36'), 2:2 Marmoush (90+2')

Borussia Dortmund - TSG Hoffenheim 2:3
0:1 Bebou (2'), 1:1 Malen (21'), 2:1 Schlotterbeck (25'), 2:2 Beier (61'), 2:3 Beier (65')

Obwuel de BVB no 2 Minutte scho mat 0:1 a Réckstand louch, huet een eng staark 1. Hallschent gewisen a louch deementspriechend verdéngt no Goler vum Malen a Schlotterbeck mat 2:1 a Féierung. Nom Säitewiessel hunn déi Schwaarz-Giel awer de Fuedem verluer, an Hoffenheim huet dat a Persoun vun 2 Goler vum Beier äiskal ausgenotzt. Fir Dortmund sécherlech e Réckschlag wat d’Champions League Plazen ubelaangt. Hoffenheim ka sech iwwerdeems no 8 Matcher ouni Victoire mol nees iwwer 3 Punkte freeën.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga

Premier League

Wolverhampton Wanderers - Sheffield United 1:0
1:0 Sarabia (30')

League Cup

FC Chelsea - FC Liverpool 0:1 n.V.
0:1 van Dijk (118')

An England stoung an der Premier League nach 1 Match um Programm. Wolverhampton ka sech hei géint Sheffield duerchsetzen. Iwwerdeems gouf am League Cup d’Finall tëscht Chelsea a Liverpool gespillt.

An hei huet Liverpoll no Verlängerung mat 1:0 géint Chelsea gewonnen. De Gol vum Dag huet de van Dijk an der 118. Minutt geschoss. Domat feiert Liverpool an dëser Saison hiren 1. Titel. An deenen éischten 90 Minutten hate souwuel Chelsea wéi och Liverpool Chancen. An der 33. Minutt ass op Säite vu Chelsea e Gol wéinst Abseits net unerkannt ginn. Nämmlechte Grond war et an der 60. Minutt beim van Djik. Deemno ass et mat engem 0:0 an d’Verlängerung gaang. An hei war et den Hollänner deen d’Reds zum Titel geschoss huet.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League

Serie A

Juventus Turin - Frosinone Calcio 3:2
1:0 Vlahovic (3'), 1:1 Cheddira (14'), 1:2 Brescianini (27'), 2:2 Vlahovic (32'), 3:2 Rugani (90+5')

Fir reng theoretesch nach eng Chance op de Meeschtertitel wëllen ze hunn, hunn um Sonndeg géint Frosinone 3 Punkte missten hier aus der Siicht vun der Lokalekipp. Trotz enger fréier Féierung vum Vlahovic huet den Opsteiger der Juve d’Liewen iwwert laang Strecke schwéier gemaach a louch tëschenduerch souguer a Féierung. Réischt an der Nospillzäit huet de Rugani de Ball aus spatzem Wénkel an de Gol geschoss an huet dofir gesuergt dass Juventus Turin no 4 Matcher ouni 3 Punkte mol nees e Match konnt gewannen.

US Lecce - Inter Mailand 0:4
0:1 Martinez (15'), 0:2 Frattesi (54'), 0:3 Martinez (56'), 0:4 de Vrij (68')

LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A

Ligue 1

RC Lens - AS Monaco 2:3
0:1 Balgoun (19'), 0:2 Minamino (30'), 1:2 Wahi (31'), 2:2 Said (77'), 2:3 Minamino (90+2')

Am Spëtzematch vum 23. Spilldag a Frankräich huet den AS Monaco no engem Gol an der Nospillzäit vum Minamino mat 3:2 zu Lens gewonnen a steet an der Tabell elo 5 Punkte virum RC. D’Ekipp vum Adi Hütter louch no 30. Minutten mat 2:0 a Féierung éier de Wahi de Match virun der Paus nach emol spannend gemaach huet. Nom Säitewiessel ass et dunn hin an hier gaangen. Lens konnt de Match an der 77. Minutt duerch de Said ausgläichen, éier Monaco a Persoun vum Balogun nëmme 5 Minutte mei spéit een Eelefmeter laanscht geschoss huet. An der Nospillzäit huet de Minamino du fir d’Entscheedung zu Gonschte vun de Monegasse gesuergt.

PSG - Stade Rennes 1:1
0:1 Gouiri (33'), 1:1 Ramos (90+7')

Ganz laang huet et dono ausgesi wéi wann de PSG eng zweete Kéier an dëser Saison an der Ligue 1 als Verléierer vum Terrain géif goen. An der 7. Minutt vun der Nospillzäit krut Paris ST. Germain dunn awer vum Arbitter en Eelefter gepaff. Des Geleeënheet huet sech de Ramos net entgoe gelooss sou dass de Match awer nach mat engem 1:1 op en Enn geet.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1

La Liga

Betis Sevilla - Ath. Bilbao 3:1
1:0 Avila (13'), 2:0 Berchiche (38'), 2:1 Guruzeta (45+7'), 3:1 Johnny (67')

LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga

Back to Top
CIM LOGO