SchisprangenÉisträich séchert sech d'Victoire viru Polen

RTL Lëtzebuerg
Drëtt goufen d'Männer aus Norwegen, Däitschland koum net iwwert eng 6. Plaz eraus.
© AFP (Archiv)

Bei der Ekippekompetitioun zu Zakopane war et e Samschdeg am éischten Duerchgang d’Natioun aus Polen, déi bei sech doheem no 4 Sprénger a Féierung louch. Nom 2. Duerchgang konnte sech d’Männer aus Éisträich nach eng Kéier verbesseren, a sou hu si aus engem gutt 20-Punkte-Réckstand nom 1. Duerchgang um Enn nach eng Victoire maache kënnen. Si haten no insgesamt 8 Spréng pro Natioun 8,90 Punkten Avance op Polen. Drëtte gouf Norwegen, bei deene virun allem de Marius Lindvik mat engem Saz op 144,5 Meter ze iwwerzeege wosst.

Een enttäuschenden Dag hat iwwerdeems déi däitsch Delegatioun, déi um Enn just op der 6. Plaz gelant sinn.

Back to Top
CIM LOGO