
Zum Schluss vum Joer war et e Mëttwoch am Schi Alpin nach emol richteg spannend. Beim Weltcup zu Bormio huet de Michael Mayer an der Descente eng excellent Linn getraff an d’Stelvio an enger Minutt, 57 Sekonnen an 32 Honnertstel hannerunner sech bruecht. Mat nëmmen 0,04 Sekonne Retard ass den Olympiagewënner Vincent Kriechmayr op déi zweete Plaz gefuer. Um Podium stoung nach de Schwäizer Urs Kryenbühl. Säi Réckstand op de Gewënner louch nëmme bei sechs Honnertstel.
Et ass déi éischte Victoire am Weltcup fir déi éisträichesch Hären an dësem Wanter.