LiichtathletikElaine Thompson-Herah verpasst Weltrekord iwwer 100 Meter ganz knapp

RTL Lëtzebuerg
Déi jamaikanesch Sprinterin Elaine Thompson-Herah huet bei der Olympia-Revanche de Weltrekord iwwer 100 Meter ëm 5 Honnertstel verpasst.
Elaine Thompson-Herah verpasst Weltrekord knapp.
Elaine Thompson-Herah verpasst Weltrekord knapp.
© AFP

Déi dräifach Olympiagewënner vun Tokio ass e Samschdeg beim Diamond-League-Meeting zu Eugen/Oregon an 10,54 Sekonnen déi zweetbescht Zäit, déi jee realiséiert ginn ass, gelaf an ass nëmme fënnef Honnertstel iwwert dem Weltrekord vun der Amerikanerin Florence Griffith-Joyner (10,49) aus dem Joer 1988 bliwwen.

Back to Top
CIM LOGO