Olympesch Spiller - LiichtathletikElaine Thompson-Herah wënnt och iwwer 200 Meter

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg um 14.50 war zu Tokio bei den Dammen d'Finall vun der Course iwwer 200 Meter.
© AFP

D’Jamaikanerin Elaine Thompson-Herah huet, nodeems si schonn iwwer 100 Meter gewanne konnt, och dës Course vun Ufank un dominéiert a konnt sech hir zweet Goldmedail zu Tokio sécheren.

An enger Zäit vun 21 Sekonnen an 53 Honnertstel ass si iwwer d’Arrivée gelaf. Zweet ass d’Christine Mboma aus Namibia ginn (21,81) a Bronze geet un d’US-Amerikanerin Gabrielle Thomas (21,87). Déi dräi Athletinne ware scho beieneen an der 2. Halleffinall, wou et um Enn d’selwecht ausgaange war.

Eng vun den absolutten Toppfavoritten, d’Jamaikanerin Shelly-Ann Fraser-Pryce, ass just op déi 4. Plaz komm a bleift domat iwwerraschend ouni Medail iwwer 200 Meter.

Back to Top
CIM LOGO