
E Mëttwoch si bei den Damme béid 1/2-Finallen an der Coupe gespillt ginn.
Am éischten Duell vum Owend konnt Beetebuerg dem aktuellen Titelverdeedeger aus der Stad laang d’Stier bidden, muss sech duerch e Géigegol an der Nospillzäit awer mat 1:2 géint de Racing geschloe ginn. De Gaascht vu Beetebuerg war no 18 Minutten iwwerraschend a Féierung gaangen. D’Karoline Kohr konnt allerdéngs 10 Minutte virun der Paus mam 1:1 äntweren. Nom Säitewiessel huet sech da mat der Zäit ëmmer méi eng Decisioun an der Verlängerung ugedeit, ma an der 96. Minutt huet d’Anne Moran de Racing an d’Finall geschoss.
Och bei der anerer Partie gouf et eng spéit 2:1-Victoire fir den SC Ell géint d’Entente WMG. No gutt 20 Minutte konnt d’Lokalekipp am Numm vum Johanna Koenig a Féierung goen, mat där et no 45 Minutten och an d’Vestiairë gaangen ass. An der zweeter Hallschent huet d’Karen Marin da mam Gol zum 1:1-Ausgläich de Match rëm spannend gemaach, d’Iwwerhand sollt um Enn awer d’Ekipp vun Ell hunn. Mam Gol fir den 2:1 huet d’Emy Raty an der 89. Minutt de Match entscheet an domat den Ticket fir d’Finall geléist.