DammefuttballEll iwwerrennt Veianen, Racing setzt sech géint Mamer duerch

RTL Lëtzebuerg
An der Coupe bei den Dammen huet Ell Veianen ganz kloer geschloen, wärend de Racing sech géint Mamer keng weider Néierlag wéi um Weekend geleescht huet.
© Archiv

No der 1:0 Néierlag vum Stater Veräin géint Hesper de Weekend hu sech d’Damme vum Racing am Spëtzematch mat 5:1 géint Mamer duerchgesat.

Beim Match SC Ell géint den FC Orania Veianen hunn d’Eller Damme wéi erwaart d’Veianer mat 9:0 iwwerrannt.

D’Damme vun der Ent. Wuermer / Mënsbech / CSG hu mat 3:0 géint d’Young Boys vun Dikrech gewonnen.

Am Duell Union Mäertert-Waasserbëlleg géint SC Beetebuerg ass et an d’Eelefmeterschéisse gaangen. Um Enn huet sech Beetebuerg mat 3:2 behaapt.

Back to Top
CIM LOGO