
Elversberg, mam Lëtzebuerger Raphael Duarte als Co-Trainer, hat an der éischter Hallschent spilleresch e puer Virdeeler, mee Heidenheim konnt séier ëmschalten an ass esou zu Chancë komm. An der 9. Minutt huet den Honsak den 0:1 geschoss, an der 31. Minutt war et d’Äntwert vum Fellhauer: 1:1.
No der Paus goung et weider mam 2:1 fir Elversberg duerch den Asllani. Dee Gol gouf awer no Préiwung nees oferkannt. Heidenheim hat wéineg Impulser no vir.
Um Enn vu 5 Minutten Nospillzäit stoung et awer bemol 1:2 duerch de Scienza. KO fir Elversberg an der leschter Minutt.
Fir d’Saarlänner bedeit dëst, weider an der 2. Bundesliga mussen ze spillen. Heidenheim bleift éischtklasseg.