Olympesch Spiller - LiichtathletikEmmanuel Korir wënnt Gold iwwer 800 Meter

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch de Mëtteg stoung zu Tokio bei den Hären d'Course iwwer 800 Meter um Programm.
© RTL

Hei konnt de Kenianer Emmanuel Korir mat enger Zäit vun 1 Minutt, 45 Sekonnen a 6 Honnertstel viru sengem Landsmann Ferguson Cheruiyot Rotich (1:45,23) iwwer d’Arrivée lafen a sech domat d’Goldmedail sécheren. D’Bronzemedail krut de Pol Patryk Dobek (1:45,39).

Fir Kenia ass et déi éischt Gold- an déi zweet Sëlwermedail op dësen Olympesche Spiller.

© RTL

Back to Top
CIM LOGO