Äishockey zu LëtzebuergËmmer méi populär, awer net genuch Äishalen

RTL Lëtzebuerg
Lëtzebuerg hätt d'Spillerpotential fir méi Äishockeyequippen, ma well et u Piste feelt, ass d'Entwécklung ausgebremst.
© Archiv

Bei der Finalronn am Championnat op der Kockelscheier huet sech um Enn den Tornado Lëtzebuerg virun iwwer 1.000 Spectateure mat 8-2 géint d’Beefort Knights duerchgesat. Den Äishockey gëtt hei am Land ëmmer méi populär.

Äishockey zu Lëtzebuerg: Ëmmer méi populär, awer net genuch Äishalen

D’Finalronn huet mat den Halleffinallen ugefaangen. Den Tornado huet sech do géint d’Hurricanes duerchgesat, an d’Knights konnten sech géint d’Puckers behaapten. Am Laf vun der Saison spillt jidderee géint jiddereen, an esou gëtt dann och un Hand vum Klassement ermëttelt wien an der Halleffinall géint wien spillt. De President vun der Lëtzebuerger Äishockeyfederatioun, Alain Schneider weist sech mam neie Modus zefridden.
“Et war am Groussen a Ganzen ee groussen Erfolleg fir de Lëtzebuerger Äishockey, dat och virun allem well et déi éischte Kéier war, datt mir dat gemaach hunn. Mir wollten am Fong och schonn d’lescht Joer esou ee Finaldag maachen.”

An de leschte Jore gouf den Äishockey hei zu Lëtzebuerg ëmmer méi populär. Dat bréngt natierlech och verschidde Problemer mat sech, wéi zum Beispill net genuch Äiszäit ze hunn.
“Fir alleguerten déi Equippen trainéiere loossen ze kënnen, dat natierlech dohier kënnt, datt mer am Fong nëmmen 3 Äispisten am Land hunn, zwou op der Kockelscheier an eng zu Beefort. Och wann ee 5,6,7, 8 Equippen oder och méi kéint maachen, leider hu mer nëmmen 3 Sitten.”

Duerch méi Quantitéit u Spiller gëtt och d’Qualitéit ëmmer besser. Iwwert d’ganz Saison gekuckt si mam Tornado, de Knights, an de Puckers, dat ass souzesoen d’zweet Equipe vum Tornado, 3 Equippen do, déi sech permanent erausfuerderen. Doduerch verbessert sech natierlech och de Niveau vun der Lëtzebuerger Nationalequipe ëmmer méi.

Back to Top
CIM LOGO