Fir dëst ze féieren huet d’FLAM deene ronn 800 Spectateuren en Abléck ginn a 14 verschidden Disziplinnen. Fir déi Abberzuel vu verschiddene Kampfsportaarten ënnert een Hutt ze kréien, dat ass eng permanent Erausfuerderung fir déi drëttgréisst Federatioun aus dem Ländchen.
De Judo hat op den Olympesche Spiller knapp d’Bronzemedail verpasst an de Karate sammelt Welt- an Europameeschtertitelen. Op där anerer Säit ass mam Capoeira, fir emol nëmmen deen ze nennen, kee Kompetitiounsgeescht present. Dës brasilianesch Disziplin, begleet vu Gesang a Musek, simuléiert Ugrëffstechnike kombinéiert mat akrobateschen Elementer. Déi verschidde Gruppen hate sech d’Méi ginn, fir spektakulär Choreographien opzebauen.
D’Kiischt um Gebuertsdagskuch war d’Presentatioun vun enger däitscher Taekwondo Trupp mat spektakulären, zirkusräife Performancen.
Mat der Organisatioun vun der Judo-Europameeschterschaft vun de klenge Länner, de 5. a 6. November, waart schonn déi nächst gréisser Aufgab op d’FLAM .