Hei am Land ginn aktuell keng Kompetitiounen am Sport organiséiert. Deemno siche motivéiert Athleten, och wa se net zu den Elite-Sportler gehéieren, no anere Méiglechkeeten, d’Joer mat engem Highlight auskléngen ze loossen. Een dovunner ass den Ender Greiveldinger, deen d’nächst Woch op de Kanare bei der Europameeschterschaft vum Spartan Race ageschriwwen ass.
Den Ender Greiveldinger wunnt zu Perl am Dräilännereck a profitéiert do vun ideale Konditioune fir eng Obstakel-Course, wéi Spartan Race, ze preparéieren. De Fonken, fir bei esou Kompetitioune matzemaachen, ass virun e puer Joer iwwer gesprongen.
D’Course kann een iwwer verschidden Distanze maachen. Op Teneriffa huet de Fitnesscoach sech fir Strecken iwwer 5, 10 an 21 Kilometer ageschriwwen. D’Kompetitioun selwer gëtt et zanter 2007 a mat 170 Courssen am Joer verdeelt op déi sechs Kontinenter an net manner wéi 25 Länner kënnt dëst Format e gewësse Succès.
Déi 21 Kilometer laang Course zielt 30 Hindernisser, déi mat Ausdauer, Kraaft a Koordinatioun musse gemeeschtert ginn, nëmmen d’Course iwwert d’Distanz vun 21 Kilometer gëtt als Europameeschterschaft organiséiert.
Och wann de Covid Villes duerchernee geheit huet, sou ass den Éiergäiz beim fréiere Kampfsportler lo nees voll do.
Den nächste Weekend geet esou dem Ender Greiveldinger säi sportlecht Joer mat engem leschte groussen Challenge op en Enn. Ob seng Virbereedung déi richteg war, wäert den Ambitionéierten Hobby-Athlet selwer rausfannen.