
Am Derby tëscht CSKA-Sofia a Levski Sofia gouf et an der bulgarescher éischter Liga en 1:1-Gläichspill. De lëtzebuergeschen Nationalspiller Enes Mahmutovic stoung bei CSKA-Sofia déi 90 Minutten iwwer um Terrain.
A Schweden hunn Halmstad an Degerfors sech mat engem leeschtungsgerechte 0:0 getrennt. De lëtzebuergeschen Defenseur Seid Korac huet bei Degerfors de ganze Match gespillt a krut no 13 Minutten eng giel Kaart gewisen.
Sanliurfaspor huet sech an der zweeter tierkescher Divisioun misse mat 1:2 géint Genclerbirligi geschloe ginn. Bei der Lokalekipp, déi am Tabellemëttelfeld läit, stoung den Oli Thill déi 90 Minutten iwwer um Terrain.
Och säi Brudder Sébastien Thill huet bei der 0:1-Victoire vu Rzeszow géint Podbeskidzie de ganze Match gespillt an no 74 Minutte eng giel Kaart gewisen kritt. Den decisive Gol fir seng Ekipp ass iwwerdeems réischt an der Nospillzäit gefall.
Beim 1:1 tëscht Sabah Baku an Araz stoung och de Vincent Thill an der Startformatioun vun den Haushären. Hie gouf an der 56. Minutt beim Stand vun 0:0 ausgewiesselt.
An der éischter Liga an Ungarn gouf et ee souveräne Succès fir Ujpest géint DVTK. Mat 2:0 konnt d’Ekipp vum Defenseur Tim Hall sech duerchsetzen, deen déi 90 Minutten iwwer um Terrain stoung.
An der zweeter Bundesliga an Däitschland hu Magdeburg a Karlsruhe sech och 1:1 getrennt. Op Säite vu Magdeburg souz de jonken Eldin Dzogovic op der Bänk, ass awer net zum Asaz komm.
Waldhof Mannheim konnt an der drëtter däitscher Liga 1:1 géint den Opstigskandidat Viktoria Köln spillen. Bei Mannheim war de Laurent Jans iwwerdeems net am Kader.
Fir Sivasspor gouf et an engem spannende Match een 3:2-Succès bei Pendikspor. De Gerson Rodrigues, deen déi nächst Woch nees mat der Nationalekipp am Asaz ass, souz iwwerdeems déi 90 Minutten op der Bänk.
Fir Austria Wien gouf et an der éischter Liga an Éisträich een däitleche 4:0-Succès géint BW Linz. De Marvin Martins huet bei Austria duerchgespillt an an der 69. Minutt déi giel Kaart kritt.
An der hollännescher Eredivisie huet sech Arnheim mam Mica Pinto ee Punkt geséchert. E Samschdeg den Owend huet ee géint Excelsior 0:0 gespillt. Eréischt an der Nospillzäit gouf de Lëtzebuerger Nationalspiller ausgewiesselt. No engem net esou gudde Start an d’Saison steet Arnheim aktuell op der 12. Plaz.
An der zweeter Liga an der Belsch huet Francs Borains mam Alessio Curci mat 0:1 bei der U23-Ekipp vu Bruges verluer. De Lëtzebuerger gouf an der 72. Minutt agewiesselt.
En 0:0-Remis gouf et da fir Ajaccio mam Maxime Chanot. An der zweeter franséischer Liga war een e Samschdeg den Owend op Besuch bei St. Etienne. Zanter véier Matcher ass Ajaccio elo ongeschloen, dat och duerch déi gutt Leeschtung vum Chanot als Defenseur.
Den FSV Mainz 05 stécht weider an der Kris. Zanter mëttlerweil saisoniwwergräifend 12 Matcher waart d’Ekipp vum Trainer Bo Svensson op eng Victoire. E Freideg den Owend huet ee sech misse mat engem 2:2-Remis bei Borussia Mönchengladbach zefridde ginn. Op d’mannst verléisst een domadder bis e Sonndeg déi lescht Plaz an der Tabell.
An der 22. Minutt hat den Neuhaus Gladbach a Féierung bruecht. Mainz konnt duerno de Match dréinen a louch no Goler vu Gruda (24') a Barkok (75') mat 2:1 a Féierung. An der 88. Minutt huet de Scally fir d’Lokalekipp op 2:2 ausgeglach. Bei deem Score sollt et bis zum Schluss bleiwen, sou datt Mainz weider op déi éischt Victoire an dëser Saison waarde muss. Bei de Gäscht stoung de Leandro Barreiro de komplette Match um Terrain.
An der 2. Liga an Éisträich hat St. Pölten e Freideg den Owend keng Chance beim SV Stripfing. Mat 1:4 huet ee sech géint den direkte Konkurrent an der Tabell misse geschloe ginn. Dobäi waren d’Gäscht, bei deenen de Lëtzebuerger Dirk Carlson de komplette Match um Terrain stoung, nach no enger Minutt mat 1:0 a Féierung gaangen. Bis d’Paus hat d’Lokalekipp de Réckstand allerdéngs an een 3:1-Avantage gedréint.