
An enger parlamentarescher Fro wollt déi Gréng Deputéiert Chantal Gary vum Sportminister wëssen, wéi vill nei Lizenzen duerch den Aktiounsplang „Go to Sports“ bei de Jonken ënner 16 Joer bei de verschiddene Federatioune vun de Clibb ugefrot goufen.
Den Total huet ee beim Sportsministère nach net, well eng Rei Federatiounen nach mussen iwwerpréiwen, ob et wierklech nei Lizenze sinn. Bis dato sinn et 5.604 nei Lizenzen, schreift de Sportminister Georges Engel a senger Äntwert. Fir all jonke Sportler, deen eng nei Lizenz mécht, kritt de Club mat der Aktioun „Go to Sports“ 50 Euro.
An deenen zwee Joer Pandemie hunn eng ganz Rei Veräiner a Federatiounen awer ferm gelidden. Sou wéi d‘Kolleege vum Tageblatt an engem Artikel virun zwou Woche geschriwwen haten, huet een eleng bei der FLGym, der Lëtzebuerger Turnfederatioun, e Réckgang vun 1.514 Lizenze festgestallt. Dat ass e Minus vun 22 Prozent bei enger, vun deene gréisste Federatiounen am Land. Et wär duerchaus méiglech, datt an Zukunft nach emol esou eng Aktioun gemaach gëtt, esou de Georges Engel weider.