
Knapp 30 Liichtathletikveräiner ginn et zu Lëtzebuerg. Engersäits sinn dat déi sougenannten Clubs de Promotions an anersäits d’Clubs de Competitions. Dat sinn déi, déi an der Reegel eng gutt Infrastruktur brauchen, fir dass hir Athleten och ënner anstännege Konditioune kënnen trainéieren.
An där Infrastrukture ginn et der net am Iwwerfloss. Dofir ass e Samschdeg op der Generalversammlung vun der Liichtathletikfederatioun dat Thema och opkomm. Et ass iwwer ee Plan sectoriel fir de Sport, esou wéi et dee schonns fir d’Lycéeë gëtt, nogeduecht ginn. Esou ee Plang wier fir d’Presidentin vum CA Diddeleng Josée Lorsché awer schwéier ëmzesetzen.
Josée Lorsché: Well et ganz vill Sportaarte ginn, déi net an engem Siess kënnen diskutéiert ginn. All Sportaart huet seng eege Besoinen a seng eege Besoinen och un Infrastrukturen. D’Josée Lorsché ass awer der Meenung, dass d’FLA misst un de Sportsministère eruntrieden, fir eng Bestandsopnam ze maachen, wat vun Infrastrukturen do ass.
Josée Lorsché: Dass si queesch duerch d’Land eng Opnam maachen, wéi vill Liichtathleten et am Land ginn a wou d’Infrastrukture sinn. Wat jo dozou géif féieren, dass regional géif gekuckt ginn, wou nach ee Besoin ass. Ech mengen do kann d’FLA schonns eng aktiv Roll spillen a soen, mir ginn eng Kéier op de Ministère zou a mir kucken, wéi wäit et steet mat der Opnam vun den Infrastrukture generell. Wat eis als Liichtathletikfederatioun ubetrëfft. Aner Federatiounen hunn dee Besoin och.
Fir d’Gemenge wier et nämlech schwéier nei Sport-Infrastrukturen eleng ze stemmen.
Josée Lorsché: Wëssend, dass d’Gemengefinanzen net esou gutt do stinn, dass si kënnen decidéieren, fir ee Stadion ze bauen wann een neie Veräin gegrënnt gëtt.
Bei engem regionalen Projet muss eng Gemeng nämlech just 25 Prozent bäileeën, déi aner 75 Prozent gi vum Sport-Ministère iwwerholl.