
Eng Partie Veräiner hunn eisen Informatiounen no positiv Fäll. Am Schlëmmsten huet et den F91 Diddeleng erwëscht. Den Tabelleleader huet aktuell 10 positiv Fäll, dorënner Spiller an och Membere vum Staff. Och d’Etzella, Munneref an Hueschtert si vu positive Covid-19-Tester betraff. Beim Racing soll et sech och ëm méi wéi 5 positiv Fäll handelen.