20. AnniversaireEng nei Lafpist an der Coque um Kierchbierg

Tim Hensgen
D’Aarbechte sinn e weidere Schrëtt fir d'Modernisatioun vun der Coque.
Eng nei Lafpist an der Coque um Kierchbierg
D’Aarbechte sinn e weidere wichtege Schrëtt fir d’Modernisatioun vun der Coque.

D’Coque um Kierchbierg féiert d’nächst Joer hiren 20. Gebuertsdag. Grond genuch, fir d’Gebai an Infrastrukturen ze moderniséieren an de Besoinen net nëmme vum nationale Sport unzepassen.

Zanter Ufank Abrëll gëtt de Banneraum a virun allem d’Lafpist vun der Arena vun der Verwaltung vun ëffentleche Baute frësch gemaach. An de leschten zwee Joerzéngte war d’Arena ënnert anerem en Doheem vun de Liichtathleten, déi virun allem am Wanter vun der Lafpist profitéiert hunn. Déi gëtt aktuell am Fong erneiert.

Wuel goufen et an Zäite vun der Pandemie Problemer mat de Liwwerunge vu Material, mee de Chantier misst ewéi geplangt Ufank September ofgeschloss ginn. Dat stëmmt déi Responsabel vun der Coque zefridden, ma et gouf dach e puer Iwwerraschungen. Duerch en neien technesche System mat Spëndelen, déi d’Ënnerkonstruktioun aus Stol millimetergenee kënnen an d’Luucht drécken, sollen ideal Trainingsméiglechkeete fir d’Sportler geschafe ginn.

Mee net nëmmen d’Athlete vun der FLA a vum Highperformance a Recovery Center kënne vun den neien Infrastrukture profitéieren. No konstruktive Gespréicher mat der Associatioun vun de Sportsproffe gouf decidéiert, dass de ganze Banneraum vun der Arena och aus Tartan wäert sinn. Et wëll een awer weiderhi flexibel bleiwe fir verschidden Typpe vu Manifestatiounen, dofir ass d’Ënnerkonstruktioun 3 Mol sou staark ewéi virun. Dat hëlleft virun allem beim Opriichte vun zum Beispill Tribünen.

D’Aarbechte sinn e weidere Schrëtt fir d’Modernisatioun vun der Coque. Och dee kascht leider erëm immens vill Suen, mee ass onverzichtbar, net nëmme fir d’Evolutioun vum Lëtzebuerger Sport.

Back to Top
CIM LOGO