Cross-Country-EMEng Rei Lëtzebuerger waren zu Turin um Depart

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg war zu Turin d’Europameeschterschaft am Cross-Country vun den U20, U23 an de Senioren, bei där eng Rei Lëtzebuerger un den Depart gaange sinn.
© Bern Thill

Bei den Hären ass de Bob Bertemes mat enger Zäit vun 34:55 no 9572 Meter als 71. vun 82 iwwer d’Arrivée gelaf. De Charel Weicherding ass no 36 Minutten an 12 Sekonnen ukomm an huet domat déi 73. Plaz beluecht. Un der Spëtzt ass et iwwerdeems den Norweger Jakob Ingebrigtsen (29:33), dee sech virum Britt Emile Cairess an dem Belsch Isaac Kimeli duerchsetze konnt.

De Bob Bertemes op der Cross-Country-EM zu Turin
De Lëtzebuerger geet hei a säi leschten Tour.

Bei den Dammen konnt d’Norwegerin Karoline Bjerkeli Grøvdal sech d’Victoire mat enger Zäit vun 26 Minutten a 25 Sekonnen iwwer 7662 Meter sécheren. D’Konstanze Klosterhalfen aus Däitschland ass mat 4 Sekonne Retard 2. ginn an de Podium gouf komplettéiert vun hirer Landsfra Alina Reh, déi 54 Sekonne Réckstand hat.

An der Kategorie vun den U23 ass de Gil Weicherding iwwerdeems mat enger Zäit vun 26 Minutten a 47 Sekonnen den 73. vun 82 Athleete ginn, déi un den Depart gaange sinn. Gewonnen huet iwwer 7662 Meter de Britt Charles Hicks.

© Bern Thill

Bei den U20 ass de Vivien Henz de 25. ginn. Bis zur Hallschent vum 5722 Meter laange Parcours am La Mandria Park zu Turin louch de jonke Lëtzebuerger an den Top Ten. De Gaspar Klückers ass den 81. ginn, wärend de Maurice Gierens als 93. vun 103 Participanten ukomm ass.

D’Cross-Country-EM zu Turin
Bei der Europameeschterschaft am Cross-Country waren zu Turin eng Rei Lëtzebuerger um Depart.

Back to Top
CIM LOGO