BouschéissenEng super 3. Plaz fir de Jeff Henckels beim European Grand Prix zu Antalya

RTL Lëtzebuerg
3 Wochen nom Start an d'Saison a Kroatien huet de Lëtzebuerger Jeff Henckels seng gutt Form beim zweeten internationale Grand Prix ënner Beweis gestallt.
© PRESSPHOTO (ARCHIV)

De Lëtzebuerger Jeff Henckels huet um Sonndeg zu Antalya an der Tierkei beim internationale European Grand Prix d’Bronzmedail gewonnen. Nodeems de Jeff Henckels mat 5:2 a Féierung louch konnt säi Konkurrent nach op 5:5 ausgläichen. Am Match ëm déi 3. Plaz huet de Bouschéisser sech dunn awer an engem spannendem Finish nach géint den Italiener Musolesi Federico duerchgesat.

Gewonnen huet de Grand Prix de Russ Galsan Bazarzhapov.

Back to Top
CIM LOGO