SchisprangenEng weider Victoire fir de Halvor Egner Granerud

RTL Lëtzebuerg
De Norweger bleift aktuell de beschte Schisprénger a gewënnt zu Willingen virum Daniel-André Tande an dem Pol Kamil Stoch.
© AFP (ARCHIV)

Beim Eenzel-Weltcup zu Willingen an Däitschland louch nom 1. Duerchgang de Norweger Halvor Egner Granerud a Féierung. De 24-järegen ass op 147,5 Meter gesprongen a louch mat nëmmen 0,4 Punkte virum Daniel-André Tande. Mat 4,6 Punkte Réckstand ass de Bor Pavlovcic op déi 3. Plaz gesprongen.

Am 2. Duerchgang huet sech een änlecht Bild gewisen. D’Norweger hunn déi wäitste Spreng gewisen sou dass de Leader am General Halvor Egner Granerud mat bal 10 Punkte Virsprong virum Daniel-André Tande gewënnt. Mat 13,3 Punkte Réckstand flitt de Kamil Stoch op déi 3 Plaz.

Back to Top
CIM LOGO