
Am Schisprange konnt sech e Sonndeg de Mëtteg zu Garmisch-Partenkirchen den Norweger Halvor Egner Granerud (303.70 Punkten) och déi 2. Manche vun der Véierschanzentournée sécheren. Hie gewënnt also nom Optakt zu Oberstdorf elo och nach d’Neijoerschsprangen. Hien huet sech souverän virum Slowen Anze Lanisek (297.30 Punkten) an dem Pol Dawid Kubacki (294.40 Punkten) behaapt.
Am General läit de Granerud elo scho 26,8 Punkte virum Kubacki a 40,1 Punkte virum Pol Piotr Zyla, deen e Sonndeg de 6. gouf.
Den däitschen “Hoffnungsträger” Karl Geiger koum bei Fréijoers-Temperaturen a vill Sonn net iwwer eng 11. Plaz eraus an ass elo de Fënneften an der Hallschent vun der Kompetitioun.
En Dënschdeg geet et viru mat der Qualifikatioun fir déi 3. Manche zu Innsbruck am Bergisel-Stadion.